Am Bistro mat der woxx

40 Episodes
Subscribe

By: woxx

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

✂️ Turn this podcast into clips
Wéi Lëtzebuerg mat sougenannter kënschtlecher Intelligenz d'Klima rette wëll
Wéi Lëtzebuerg mat sougenannter kënschtlecher Intelligenz d'Klima rette wëll episode artwork
#406
Today at 3:49 PM

Dës Woch war d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui op der Weltklimakonferenz COP31 zu Antalya an der Tierkei. D‘Nuechten zu Antalaya si laang, wéi een och dorunner gesäit, datt den Espresso–Stand esou laang opbléift, wéi d‘Verhandlunge lafen. Am Podcast schwätze mir kuerz iwwert d‘Stëmmung op der COP, mä virun allem iwwert d‘Roll vu Lëtzebuerg. Den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV sot, d‘EU misst „bescheiden“ optrieden. Mä domadder huet hie wuel virun allem d‘Verhandlunge gemengt. Well Lëtzebuerg trëtt soss awer net immens bescheiden ob. De grousse Fok...


Exklusiv woxx-Recherche zur russescher Kueleminn mat Lien op Lëtzebuerg
Exklusiv woxx-Recherche zur russescher Kueleminn mat Lien op Lëtzebuerg episode artwork
#405
10/30/2026

Als lëtzebuergesch Journalistin zu enger russescher Kueleminn recherchéieren, dat ass net esou alldeeglech. D‘Minn vun Arshanovsky, eng vun deene gréisste Kueleminnen a Russland an als „carbon bomb” klassifizéiert, huet ee Lien mat Lëtzebuerg. Zanter 2022 gëtt et westlech Sanktioune géint Russland, déi och d‘Kuel betreffen. D‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui huet dowéinst eng grouss Recherche zu dëser Minn gemaach. Am Podcast erzielt si, wat si rausfonnt huet – dorënner och ee méigleche Verstouss géint d‘Sanktiounen.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Charbon russe : Sur les...


Wisou d'KI net wäert d'Weltherrschaft iwwerhuelen
Wisou d'KI net wäert d'Weltherrschaft iwwerhuelen episode artwork
#404
10/23/2026

An deene leschte Wochen a Méint gouf et vill Schlagzeilen an Diskussioune ronderëm „rogue AI“, déi angeblech deemnächst schonn sech zu enger „Superintelligenz“ entwéckelen an d’Weltherrschaft iwwerhuele kéint. Tatsächlech huet sech Software, déi op engem grousse Sproochemodell baséiert, de Computernetzwierk vun enger aner Firma infiltréiert. Dëse Virfall ass grouss mediatiséiert ginn an huet zu villen Ängschte gefouert. Am Podcast erkläert de woxx-Journalist Joël Adami, wat et mat deem Virfall wierklech op sech hat, a wisou Firme wéi „OpenAI“ ganz staark dovunner profitéieren, wann hir Produiten als immens mächteg...


Wéi steet et ëm déi mental Gesondheet zu Lëtzebuerg?
Wéi steet et ëm déi mental Gesondheet zu Lëtzebuerg? episode artwork
#403
10/16/2026

Dëst Joer ass déi fënneft Editioun vun de Woche vun der mentaler Gesondheet. Do sti vill Themen un, engt vun deene wichtegst ass d’Prekaritéit. Et gëtt nämlech ee staarke Lien tëscht Aarmut, Prekaritéit a mentaler Gesondheet. D’Psycholog*innen Hédi Ben Malek an Amélie Zeimet, déi fir d’Unitéit Psy vun Hëllef um Terrain schaffen, sinn Expert*innen op dësem Gebitt. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet sech mat hinnen ënnerhalen an erkläert am Podcast, wat déi wichtegst Facteure sinn.

Link zum Artikel: Santé...


Den Tabu ëm d'Menopause briechen
Den Tabu ëm d'Menopause briechen episode artwork
#402
10/02/2026

D’Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d’medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch Informatiounen. Mä et ginn ONGen, déi versichen, den Tabu ze briechen, esou zum Beispill „Lëtz Menopause“. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet mat hinne geschwat. Am Podcast erzielt si, wat déi gréisste Problemer ëm d’Menopause zu Lëtzebuerg sinn.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: La ménopause : une transi...


Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden?
Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden? episode artwork
#401
09/25/2026

34 Méint ass déi duerchschnëttlech Zäit, déi et dauert, bis Leit mat engem Status vum Flüchtling oder der internationaler Protektioun eng Decisioun kréien, ob de Regruppement familial geneemegt gëtt. Dat ass déi eenzeg legal Method, fir datt Famillen erëm zesummegefouert kënne ginn. Dacks waarde Mammen oder Pappen also jorelaang, bis de Lëtzebuerger Staat decidéiert, ob si hir Kanner erëm däerfe gesinn. Wéi wann déi Situatioun net scho schlëmm genuch wier, wëll d’CSV-DP-Regierung d’Reegelen elo nach méi streng maachen. D’woxx-Journalistin Marí...


Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?
Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg? episode artwork
#400
09/18/2026

Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar Donnéeën iwwer geplangte Projeten, mä déi si geheim fir de Grand Public. Dobäi ginn et vill Grënn, géint Rechenzentren ze sinn: de grousse Stroumverbrauch, den dacks immense Waasserverbrauch, ausserdeem gi Fläche versigelt an als Killmëttel kommen Eiwegkeetschemikalien zum Asaz. An dëser Episod vum Podcast schwätze mir doriwwer, wat fir Donn...


Wisou d'Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass 
Wisou d'Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass  episode artwork
#399
09/11/2026

Deemnächst geet d’Schoul erëm un. Mä net fir all d’Schüler*innen ass et d’selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng geet awer net duer, an nach ëmmer schwätzen Elteren, Léierpersonal a Gewerkschafte vu villen Problemer. Pünktlech zur Rentrée huet sech d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras mat dem Thema beschäftegt a mat verschiddenen Leit vum Terrain geschwat. Am Podcast erzielt si, wat bei hirer Recherche erauskomm...


Wat d'Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet
Wat d'Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet episode artwork
#398
09/04/2026

Zu Ulaanbaatar, der Haaptstad vun der Mongolei, ass viru kuerzem d’Buedem-COP op een Enn gaangen. Do geet et dorëms, d’Wüstebildung an d’Degradatioun vun de Biedem op der Welt ze stoppen. Leider gouf et net vill Resultater, mä awer ee klenge Liichtbléck. Am Podcast schwätzt d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui iwwert d’Léieren, déi aus dëser COP gezu kënne ginn an erkläert och, wat dat erniichterent Resultat fir weider Konferenzen zur Biodiversitéit an natierlech dem Klima bedeiten.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: COP17 gegen Bodendegra...


Wéi d'Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet 
Wéi d'Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  episode artwork
#397
08/28/2026

Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze kämpfe gehat. Dat, well besonnesch Vigel an där Zäit hir Kleng kritt hunn. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras war op Diddeleng, fir mat de Verantwortlechen iwwert dës Problematik ze schwätzen. Am Podcast erzielt si, wat si erlieft huet, a geet och op d’Fro...


Um Tour mam Dynamobile
Um Tour mam Dynamobile episode artwork
#395
07/31/2026

Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d’Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet si getraff. Am Podcast erkläert si, wisou grad déi intergenerationell Approche sou interessant ass, a wisou dës Vëlos-Vakanz och eng politesch Dimensioun huet. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Dynamobile : Une vague de cyclistes intergénérationnelle

Déi nächst Editioun vun der woxx kënnt den 21. August era...


D'Enn vu Filmland
D'Enn vu Filmland episode artwork
#394
07/24/2026

An enger Woch maachen d‘Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D‘Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen an erzielt am Podcast dem María Elorza Saralegui, wéi grouss de Verloscht fir d‘Lëtzebuerger Filmindustrie ass, wisou Filmland dann elo zoumécht a wat deemnächst mat dem grousse Know–How, deen opgebaut gouf, passéiere wäert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Filmland : « C’est impératif pou...


Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha
Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha episode artwork
#393
07/17/2026

Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D’Resultater vun der Studien hunn iwwerdeems d’Erwaardungen net erfëllt. An dem Educatiounsminister Claude Meisch gëtt e Mangel vun Transparenz virgeworf. Am Podcast schwätze mir iwwert de Projet Alpha, d’Fro op Franséisch dee richtege Choix fir eng Alphabetiséierung war a wat et soss nach fir Méiglechkeete gëtt, Ongläichheeten ze besäitegen. Den Artikel, i...


Wat bedeit d'Urteel géint d'Marine Le Pen?
Wat bedeit d'Urteel géint d'Marine Le Pen? episode artwork
#392
07/10/2026

Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d’Appell zu Paräis huet d’Strof fir d’Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen virgeworf ginn ass a wéi sech d’Urteel op déi franséisch Presidentewale wäert auswierken. Dobäi gi mir och op Parallellen zum Donald Trump an awer och op d’Kontrahent*innen vum Le Pen an.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:  Élection présidentielle française : Un...


Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung?
Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung? episode artwork
#391
07/03/2026

Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d’Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d’Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d’Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet relativ gutt: Obwuel vill Industrienatiounen hir Gelder gestrach hunn, wëll de Grand-Duché weiderhi vill Sue fir d’Klimafinanzéierung an de Grapp huelen. Mëttlerweil ass dann och gekläert, wat mam Prinzip vun der Zousätzlechkeet geschitt. Am Podcast erkläre mir, wisou dat awer alles net esou grandios a...


KI an Aarbecht
#390
06/19/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

“KI geet d’Aarbechtswelt revolutionéieren” heescht et dacks wenn et um déi Diskussioun um d’Auswierkunge vu KI op eis Liewe geit. Och de Premier Luc Frieden beschreift Lëtzebuerg als eng Land déi “Pro-Tech” an “Pro-KI” ass. Mee wéi gesäit dat Ganzt wierklech am Aarbechtsmarché aus? Heiriwwer schwätzt in dëst Episode d’Melanie Czarnik mat dem Joël Adami. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ausbleibende Produktivitätsgewinne

The post KI an Aarbecht first appeared on


Wat bedeit den Asyl- a Migratiounspakt fir Lëtzebuerg?
Wat bedeit den Asyl- a Migratiounspakt fir Lëtzebuerg? episode artwork
#389
06/12/2026

Haut um Freiden ass den Asyl- a Migratiounspakt vun der EU a Kraaft getrueden. Esou just nach mat Zäit goufen déi entspriechend Gesetzer an der Chamber gestëmmt. Op Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen, kommen domadder eng ganz Rëtsch Nodeeler duer, obwuel et och e puer punktuell Verbesserunge gëtt. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui wat sech konkret ännert, wisou et vill Onsécherheete gëtt a wisou méi séier Asylprozeduren net méi Fairness fir d’Asyldemandeure bedeit. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Pacte su...


Blutspende: Anhaltende Diskriminierung
Blutspende: Anhaltende Diskriminierung episode artwork
#388
06/05/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Erst im Mai hat das Luxemburger Rote Kreuz erneut Alarm geschlagen wegen niedriger Blutreserven – und das, obwohl potenzielle Spender hierzulande nach wie vor diskriminiert werden. Schwule und bisexuelle Männer müssen nämlich seither 12 Monate zölibatär leben, um Vollblut spenden zu dürfen – eine Regelung, die sich auf einen Generalverdacht stützt, der mit dem heutigen medizinischen Stand nicht mehr zu rechtfertigen ist. Melanie Czarnik spricht mit Joël Adami darüber, warum Luxemburg seit mehr als 20 Jahren auf der Stelle t...


KI-Wahn: Wann wird aus einem Etwas ein Jemand?
#387
05/29/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Et ginn ëmmer méi Berichter iwwer Leit, déi duerch d’Notzung vu KI-Chatbots a Wahnzoustänn geréie sinn. Mä wéi genau geschitt dat? A firwat versoen d’Sécherheetsmecanisme vun dëse Systemer? D’Melanie Czarnik huet mam Psychiater a Psychotherapeut Marc Augustin geschwat, deen als ee vun den éischten am däitschsproochege Raum iwwer KI-assoziéiert Wahnphänomener geschriwwen huet. Am Podcast erkläert d’Melanie Czarnik der María Elorza Saralegui, wat et mat dësem neie Fuerschungsfeld op...


Frieden à mi-mandat : ensemble, vraiment ?
Frieden à mi-mandat : ensemble, vraiment ? episode artwork
#386
05/22/2026

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.

Cette fois-ci, retour sur le discours sur l’état de la nation prononcé par le Premier ministre Luc Frieden le 19 mai. Entre appels répétés à la cohésion et au « vivre-ensemble », annonces sociales et fiscales, et silences éloquents sur les finances publiques, Fabien Grasser en discute avec María Elorza Saralegui et décortique ce que le discours dit – et surtout ce qu’il tait.

L’article dont nous avons parlé : Di...


Flexibel Psychiatrie fir schwéier Fäll
#385
05/15/2026

Et gëtt een neie Pilotprojet an der Psychiatrie zu Lëtzebuerg. De Konzept kënnt aus Holland, nennt sech „Fact“ a geet bei seng Patient*innen – egal, wou dat grad ass. Domadder sollen déi 20 Prozent vu psychesch kranke Mënsche gehollef kréien, déi an normale Strukturen net eens ginn, oder guer net emol an dëse System kommen, zum Beispill well si sech schummen. Och de Phänomen, datt beispillsweis Leit, déi op der Strooss liewen, ee stännegen Eran-an-Eraus a Psychiatrien erliewen, soll domadder opgebrach ginn. Am Podcast erkläert d’Melanie Czarnik dem Joël Adami, wat...


Klimagipfel zu Santa Marta
Klimagipfel zu Santa Marta episode artwork
05/08/2026

Am Bistro mat der Woxx

Klimagipfel zu Santa Marta

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem Konflikt huet sech d’Lag verännert. Am Podcast schwätzen den Thorsten Fuchshuber an d’Melanie Czarnik doriwwer, op wou Russland profitéiert a wat dat fir d’Zukunft...


Wéi Russland vum Irankrich profitéiert
Wéi Russland vum Irankrich profitéiert episode artwork
#383
04/30/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem Konflikt huet sech d’Lag verännert. Am Podcast schwätzen den Thorsten Fuchshuber an d’Melanie Czarnik doriwwer, op wou Russland profitéiert a wat dat fir d’Zukunft vum Konflikt a vun der Muechtpolitik bedeit.

Den Artikel, i...


Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd
Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd episode artwork
#382
04/24/2026

Am Bistro mat der Woxx Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d’Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat Chatbots ëmzegoen. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Melanie Czarnik doriwwer, firwat dat problematesch ka ginn a firwat d’Campagne selwer net ëmmer esou kritesch ass, wéi se et wëllt sinn.

...


Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et net esou schlecht, wéi d'Patronat seet
#381
04/17/2026

All Joer mécht d‘Fondatioun Idea, déi vun der Chambre de Commerce finanzéiert ass, ee Rapport iwwert déi wirtschaftlech Lag vum Land. Si gesäit éischter schwaarz fir d‘Lëtzebuerger Ekonomie: Net genuch Wuesstem, net genuch Produktivitéit – an iwwerhaapt géif et ze vill Paperassen a Prozedure ginn. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi vill vum dem Rapport fir bor Mënz ze huelen ass, a wéi vill dozou déngt, de Standpunkt vum Patronat ze verdeedegen. Hien erkläert och, wisou d‘Rating–Agenturen ee ganz anere Bléck op Lëtzebuerg hunn an de...


Ungarn vor dem Systemwechsel?
Ungarn vor dem Systemwechsel? episode artwork
#380
04/10/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System verschwënnt net einfach, well en sech déif an der ungarescher Gesellschaft a Wirtschaft verankert huet. An dëser Episod schwätzen d’Melanie Czarnik an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, wat fir Ungarn a fir d’EU op dem...


Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet
Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet episode artwork
#379
04/03/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Zu Lëtzebuerg ass d’Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu gëtt. Déi leien awer wäit iwwer de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Déi aktuell Donnéeë weisen: Et gëtt keen Niveau vu Loftverschmotzung, dee wierklech gesond ass. Elo soll een ne...


Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail?
Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail? episode artwork
#378
03/27/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

 

Pestizidréckstänn bei Lëtzebuerger Äppel hu viru kuerzem fir hefteg Diskussioune gesuergt, mä  de Problem limitéiert sech net just op Äppel. Och wann d’Réckstänn ënner de gesetzleche Grenzwäerter vun der EU leien, stellt sech d’Fro, wéi Pestiziden an der Kombinatioun wierken: Wat mécht de „Cocktail“ aus verschiddene Substanze mat eisem Kierper? An dëser Episod schwätzen de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui iwwert d’Risike vu Pestiziden an iwwert déi...


Wéi d'Asylpolitik zu Lëtzebuerg ëmmer méi onmënschlech gëtt
Wéi d'Asylpolitik zu Lëtzebuerg ëmmer méi onmënschlech gëtt episode artwork
#377
03/20/2026

Den Toun iwwert Asylpolitik gëtt ëmmer méi schaarf. Flüchtlinge ginn als potenziell Krimineller oder als Belaaschtung ugesinn, wéi zwou rezent Aussoe vu Ministere weisen. Mä déi Stëmmung schléit sech och a Gesetz ëm. Ee Beispill dofir ass de regroupement familial, bei dem d‘Regierung elo vill méi streng Reegele wëll ëmsetzen. An dëser Episod vum woxx–Podcast diskutéieren d‘María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert déi Lëtzebuerger Asylpolitik, de Rietsruck an der Sprooch, d‘Ignoréiere vum internationale Recht a wat dat alles fir Konsequenzen huet.

The...


Directive de la vigilance
Directive de la vigilance episode artwork
#376
03/13/2026

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.

Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des négotiations au niveau européen et dorénavant adoptée, au Luxembourg, une question cruciale se pose : comment se transposera-t-elle en loi nationale et qui contrôlera le respect des droits humains et environnementaux par les multinationales ? Alors que la société civile réclame une...


Wéi hëtze mir an der Zukunft?
Wéi hëtze mir an der Zukunft? episode artwork
#375
03/06/2026

Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg klimaneutral sinn, da sollt et souwisou keng Gas– oder Masuttsheizunge méi ginn. Mä dat ass net esou einfach. De Mouvement écologique huet een 11–Punkte–Plang virgestallt a werft der Regierung vir, déi néideg Transitioun ze verschleefen.  Am Podcast schwätzen d‘María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert den aktuelle Stand vum Hëtze...


Social-Media-Verbuet: Sécherheet oder Iwwerwaachung?
Social-Media-Verbuet: Sécherheet oder Iwwerwaachung? episode artwork
#374
02/27/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Soll Social Media fir Jugendlecher ënner 16 Joer verbuede ginn? An ëmmer méi europäesche Länner gëtt dat diskutéiert – och zu Lëtzebuerg. Als Argument gëllt de Schutz vun der mentaler Gesondheet. Mä d’wëssenschaftlech Evidenz ass méi nuancéiert wéi d’politesch Debatt et vermudde léisst. E Verbuet hätt Konsequenze fir all Benotzer*innen: Fir d’Alter ze kontrolléieren, misst d’Identitéit iwwerpréift ginn, mat Auswierku...


Geschlechtersensibel behandelen
Geschlechtersensibel behandelen episode artwork
#373
02/20/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Laang Zäit gëllt de männleche Kierper als medezinesche Standard – an dat mat konkrete Konsequenzen. Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a weisen heiansdo aner Symptomer wéi Männer, déi net ëmmer erkannt ginn. Et geet dobäi net nëmmen ëm Hormonen, mee och ëm Aarmut, Care-Aarbecht, Stereotypen an strukturell blann Flecken an der Fuerschung.

Iwwer d’Fro, wéi e Ge...


Wat Wirtschaft a Biodiversitéit mateneen ze dinn hunn
Wat Wirtschaft a Biodiversitéit mateneen ze dinn hunn episode artwork
#372
02/13/2026

De Weltbiodiversitéitsrot IPBES ass fir d’Biodiversitéit dat, wat de Weltklimarot IPCC fir d’Klima ass. Een neie Rapport vun dësem Expert*innengremium beschäftegt sech mat der Relatioun tëscht Ekonomie an Ökologie. Wien elo mengt, datt et jo souwisou kloer ass, datt d’Wirtschaft d’Ëmwelt zerstéiert, läit zwar net ganz falsch, mä ganz korrekt ass et och net: Vill Beräicher vun eiser Ekonomie hänken direkt oder indirekt vum Zoustand vun der Natur of. Am Podcast diskutéieren d’Melanie Czarnik an d’María Elorza Saralegui iwwert dës Zesummenhäng. Si schwätzen awer och kuer...


Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn
Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn episode artwork
#371
02/06/2026

Wärend op sozialen Netzwierker d’Diskussiounen ëm genderneutral Toiletten a Schoule gefouert goufen, huet de leschte Freiden d’LGBTIQA-Gemeinschaft zu Lëtzebuerg sech selwer gefeiert. Am Rainbow Center goufen d’LGBTQIA+ Role Model Awards verginn. D’Melanie Czarnik war fir d’woxx op der Plaz an erzielt am Podcast, wat hir Andréck waren, wisou et wichteg ass, gutt Virbiller ze hunn a wat d’Serie „X-Files“ domadder ze dinn huet.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Vorbildfunktion

The post Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn first appeared on Radio ARA.


Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn
Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn episode artwork
#370
01/30/2026

Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d’Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä och u generell méi schlechten Haftkonditiounen, méi schlechter medezinescher Versuergung a stereotyppen Atelieren. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wisou dat esou ass a wisou sech zanter Joerzéngte kaum eppes vun dëser Situatioun geännert huet, obwuel de Grand-Duché virun net emol véier Joer ee fuschneie Prisong opgemaach huet – mä deen ass ebe just fir Männer.


Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech?
Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech? episode artwork
#369
01/23/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Musek, déi net méi vu Mënschen, mee vun Algorithme komponéiert gëtt, ass längst am Alldag ukomm. Op Streaming-Plattformen zirkuléieren ëmmer méi Lidder, déi ganz oder deels vu kënschtlecher Intelligenz generéiert sinn – dacks ouni datt d’Lauschterer*innen dat iwwerhaapt mierken. Wat heescht dat fir eis Relatioun zur Musek? Ass et egal, wien (oder wat) e Song produzéiert huet? A wat bedeit dës Entwécklung fir Mus...


Umgehungsstrooss Niederkerschen
Umgehungsstrooss Niederkerschen episode artwork
#368
01/16/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D’Trass géif duerch geschützte Bësch- a Natura-2000-Gebidder féieren an hannerléisst no Meenung vun Aktivist*innen irreversibel Schied un Natur, Biodiversitéit an Liewensqualitéit. D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem (Bigs) bezwei...


EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt
EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt episode artwork
#367
01/09/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de kommende Deeg erfollegen. Mä d’Kritik ass grouss: Ëmweltschutz-NGOen, landwirtschaftlech Verbänn an indigen Communautéiten a Südamerika warnen viru méi Offorchtung, steigenden Emissiounen an onfaire Konkurrenz fir europäesch Ba...


Wunderwaffe CO2-Speicher?
Wunderwaffe CO2-Speicher? episode artwork
#366
01/02/2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen ze vermeiden. Elo wëll och d’CSV-DP-Regierung op dëse Wee setzen a schafft un engem Aktiounsrahmen zu CCS, CCU an CDR.

Wéi gesäit d’Realitéit vu CO₂-Späicherprojeten aus, déi weltwäit lafen – a firwat pr...