Menoplay

5 Episodes
Subscribe

By: Lëtzebuerger Journal

Vapeuren… Brain Fog… Déi läscht Bluddung. Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen. Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljoere betraff ass? Wéi ënnerstëtzt ee si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support? Genee déi Froen beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast. Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren. Mir w...

✂️ Turn this podcast into clips
#4 Angscht virun Hormoner
#4 Angscht virun Hormoner episode artwork
Today at 4:55 AM

Fir déi eng ass se e Wonnermëttel, fir déi aner e Risiko: D'Hormontherapie spléckt, wéi kaum en anere Sujet ronderëm d'Menopause. Dobäi baséiert vill vun der Angscht op enger Etüd vun 2002 – an op Hormoner, déi an Europa guer net agesat ginn.

D'Ilana wëll wëssen, wat wierklech drun ass. Wéi grouss ass de Risiko vu Broschtkriibs? Wat maache Fraen, déi keng Hormoner huele kënnen oder wëllen? A wat mécht d'Menopause mat enger Partnerschaft an der Sexualitéit?

Äntwerte kréie mir vu Fraen a Männ...


#3 Keng kleng Männer
#3 Keng kleng Männer episode artwork
11/12/2026

Schwindel, Panikattacken, eng Middegkeet, déi net ophält – an d'Äntwert an der Praxis : "Dir sidd jo nach jonk."

Vill Frae ginn net eescht geholl, lafe vun engem Dokter bei deen aneren a kréie Schlofmëttel, Antidepressiva oder Antibiotiquen opgeschriwwen – mee keng Diagnos. Firwat ass et esou schwéier, d'Perimenopause ze erkennen? Dat freet d'Ilana sech an der drëtter Episod vu Menoplay – a sicht no Léisungen.

D'Sabrina gouf an der Menopause-Klinik mat enger Minipëll heemgeschéckt. D'Milène huet sech am Endeffekt selwer informéiert a seet haut, dat hätt si gerett. An d...


#2 Maach eng Party
#2 Maach eng Party episode artwork
10/29/2026

Wat huet d'biologesch Auer mat der Menopause ze dinn?

Méi wéi een denkt. Et ass nämlech déi selwecht Auer, just um Enn vun hirer Zäit.

An der zweeter Episod vu Menoplay geet d'Ilana der Fro no, wéini de richtege Moment ass, fir sech mat der Menopause auserneenzesetzen – a wat een haut scho ka maachen, fir méi gutt doduerch ze kommen.

D'Trixie huet mat 39 op eemol seng biologesch Auer ticken héieren. D'Valérie hat geduecht, hire Kierper wier an der Menopause – néng Méint méi spéit koum hir...


#1 Wat leeft, wann et net méi leeft
#1 Wat leeft, wann et net méi leeft episode artwork
10/15/2026

Vapeuren, kloer. Mee Oueren, déi bäissen? Hänn, déi kribbelen? Péng an de Gelenker, wann ee moies erwächt?

D'Menopause huet méi Gesiichter, wéi déi meescht denken. Bis zu 100 Symptomer ginn domat a Verbindung bruecht – an déi heefegst dovun si psychesch.

D'Ilana ass 21 Joer al a weess eigentlech näischt iwwer d'Wiesseljoren. Dofir fänkt hatt als Host ganz vu vir un: Wat geschitt iwwerhaapt hormonell am Kierper? Wat ass den Ënnerscheed tëscht der Perimenopause an der Menopause? A firwat fillt et sech fir verschidde Fraen u wéi eng zweet...


Menoplay - Trailer
Menoplay - Trailer episode artwork
10/01/2026

Vapeuren… Brain Fog… Déi läscht Bluddung.

Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen.

Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljoere betraff ass? Wéi ënnerstëtzt ee si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support?

Genee déi Froen beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast.

Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Meno...