Fënster Op

40 Episodes
Subscribe

By: Radio 100,7

Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.

✂️ Clip this podcast
Costa Rica
Yesterday at 6:00 PM

Mir reesen a Costa Rica, e Land a Zentralamerika tëschent der Karibik an dem Pazifik mat enger beandrockender Natur mat Vulkaner, Reebëscher an enger aussergewéinlecher Biodiversitéit. Mir schwätzen iwwer d’Besonneschkeete vum Land, dat zanter 1948 keng Arméi méi huet. Och déi costa-ricanesch Kichen, mat Platen ewéi Gallo Pinto, an d’Liewensphilosophie „Pura Vida“ kommen net ze kuerz. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Lizzy Soto, der Melissa Guzman an dem Santiago Rubí.


Serbien
10/18/2026

D’Republik Serbie gëtt et an dëser Form zënter 2006. Serbie läit am d’Häerz vum Balkan, mat senger Haaptstad Belgrad, déi um Zesummefloss vun der Donau an der Save läit. D’Land huet eng räich Geschicht a Kultur, déi vu verschiddenen Zivilisatiounen an der serbesch-orthodoxer Traditioun gepräägt goufen. Traditioune wéi d’Slava, den traditionelle Kolo-Danz an eng Kiche mat Spezialitéite wéi Ćevapčići, Pljeskavica a Rakija gehéieren zum kulturelle Patrimoine. Mee Serbien huet och eng schwiereg Vergaangenheet: d’Jugoslawiekricher an den 1990er Joren, de Kosovo-Konflikt an d’NATO-Bombardementer vun...


Aruba
10/04/2026

Aruba ass eng kleng Insel an der südlecher Karibik, eng vun den ABC-Inselen, bekannt fir hir wäiss Plagen, türkiist Waasser, vill Sonn, an den Divi-Divi-Bam. Si gehéiert zum hollännesche Kinnekräich an huet duerch hir Geschicht eng ganz eegen, kulturell divers Identitéit entwéckelt. Dat weist sech och an de Sproochen: Nieft Hollännesch gëtt virun allem Papiamento geschwat, eng Sprooch, an där sech verschidde kulturell Aflëss erëmfannen. Dës kulturell Villfalt spigelt sech och an der Musek, am Danz, am Iessen a besonnesch am faarwege Karneval erëm. De Cédric Reichel...


Mauritius
09/27/2026

Mauritius ass en Inselstaat am Indeschen Ozean mat 1,3 Milliounen Awunner:innen op 2103 km². D’Land huet eng erstaunlech kulturell Diversitéit. Hei treffen afrikanesch, indesch, europäesch a chineesesch Aflëss openeen. Dat spigelt sech an de Sproochen, an de Reliounen, an der Musek – a virun allem och an der Kichen erëm. D’Insel war hollännesch, franséisch a brittesch Kolonie. Zenter 1968 ass Mauritius eng onofhängeg Republik. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Raginee Poloogadoo, Vianee Bastalingum an de Johel Blanchard.


Mexiko - 2
07/19/2026

Mexiko war eent vun de dräi Ausdroungslänner vun der Fussballweltmeeschterschaft 2026. Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt. Touristesch interessant ass d’Land fir seng Iwwerreschter vun der Azteken- a Mayakultur a seng Plagen. D’Iesskultur ass immens räich an huet méi ze bidde wéi nëmme Guacamole, Tacos an Enchiladas an och wat d’Gedrénks ugeet, kritt een do sécher och méi wéi nëmmen Tequila oder Mezcal. A wéi eng Bedeitung huet den Día de los Muertos fir si...


Montserrat
07/12/2026

Montserrat ass eng kleng Vulkaninsel an de Klengen Antillen an der Karibik. Si läit südwestlech vun Antigua an nordwestlech vu Guadeloupe an ass mat enger Fläch vun nëmme ronn 100 Quadratkilometer ee vun de klengste britteschen Iwwerséigebidder. Haut liewen do nach ongeféier 5.000 Mënschen. Montserrat gëtt dacks als “The Emerald Isle of the Caribbean“ bezeechent. Dat kënnt net nëmme vun der aussergewéinlech grénger Vegetatioun, mee och vun der staarker irescher Prägung. Schonn am 17. Joerhonnert hu sech vill iresch Siidler op der Insel niddergelooss. Bis haut gëtt de St. Patrick's Day op M...


Trinidad an Tobago
07/05/2026

Dës Kéier geet et an d’Karibik, op d’Inselrepublik Trinidad an Tobago. Déi zwou Haaptinselen, nëmmen 11 Kilometer virun der Küst vu Venezuela, ziele ronn 1,5 Milliounen Awunner. D’Haaptstad ass Port of Spain, déi gréisste Stad ass awer Chaguanas. D’Land ass bekannt fir seng aussergewéinlech kulturell Diversitéit: afrikanesch, indesch, europäesch an aner Aflëss prägen d’Gesellschaft, d’Reliounen, d’Kichen an d’Musek. Trinidad an Tobago gëllt als Gebuertsplaz vu Calypso, Soca an der Steelpan. Säi Karneval zielt zu de spektakuläersten op der Welt. Nieft senger räicher Kultur beg...


Senegal
06/28/2026

De Senegal läit a Westafrika um Atlantik, gëtt bal komplett vu Mauretanien, Mali, Guinea a Guinea-Bissau ëmginn an ëmschléisst de klengen Noper Gambia wéi eng Insel am Land. D'Haaptstad Dakar läit op enger Hallefinsel a gëllt als eng vun de wichtegste kulturellen a wirtschaftleche Metropole vum afrikanesche Kontinent. Nieft dem Franséischen als Amtssprooch ass virun allem Wolof am Alldag present. Kulinaresch ass dëst Land fir vill Leit d'Heemecht vun der Thieboudienne, engem Räisplat mat Fësch, dat als Nationalplat gëllt an zanter 2021 souguer als immateriellt Kulturierwe vun der UNESCO unerkannt ass. De Cédri...


Nationalfeierdag-Spezial 2
06/21/2026

Nationalfeierdag gëtt hei zu Lëtzebuerg grouss gefeiert, och schonn um Owend virdrun. Mee wéi ass et an anere Länner, gëtt do och Nationalfeierdag gefeiert? Oder sinn et do aner Deeg, déi am Vierdergrond stinn, a firwat? An natierlech och ganz wichteg, wéi ginn déi Deeg do gefeiert a wéi ënnerscheet sech dat zu Lëtzebuerg? Mir maachen eng Rees uechtert Welt a kucken op verschidde Länner, wéi den Uganda, Nordmazedonien, Libanon, Kuba, Südafrika a nach vill, vill méi.


Albanien
06/14/2026

Albanie läit am Balkan un der Adria an um Ionesche Mier a grenzt u Montenegro, de Kosovo, Nordmazedonien a Griichenland. Laang Zäit war d’Land bal komplett vun der Welt ofgeschnidden, ënner enger kommunistescher Diktatur, déi méi wéi 40 Joer gedauert huet. Haut ass Albanien och bekannt fir säi räiche kulturelle Patrimoine: d’UNESCO huet net nëmmen d’historesch Stied Berat a Gjirokastër als Weltkulturierwe klasséiert, mee och eng ganz speziell Form vu Musek: d’albanesch Iso-Polyphonie – ee méi-stëmmege Gesank aus dem Süde vum Land – steet zanter 2005 op der UNESCO-Lëscht vum imma...


Kuba
06/07/2026

Kuba ass déi gréissten Insel an der Karibik. E Land mat kolonialer Geschicht, Revolutioun, Zigaren, Rum a weltbekannter Musek. Kuba läit tëschent dem Golf vu Mexiko an dem Atlantik an huet eng ganz speziell politesch a kulturell Identitéit entwéckelt. Trotz wirtschaftleche Schwieregkeeten an Emigratioun bleift d’Land fir vill Leit e Symbol vu Resistenz, Nostalgie a Liewensfreed. Vum Havana Jazz bis zur Salsa, vu Che Guevara bis zu alen amerikaneschen Autoen: mee stëmmen all dës Klischeeën? De Cédric Reichel am Gespréich mat der Vivian Suarez, der Naomi Suarez, der Carmen Suarez...


Bulgarien
05/31/2026

Bulgarie läit um Balkan, tëscht Rumänien, Serbien, Nordmazedonien, Griicheland an der Tierkei. D’Land um Schwaarze Mier verbënnt osteuropäesch, slawesch an orientalesch Aflëss a kann op eng laang a komplex Geschicht zeréckblécken. Mat eiser Rees entdecke mir net nëmmen d’Haaptstad Sofia, mee och Plaze wéi Plovdiv oder d’Küst um Schwaarze Mier. Mir schwätzen iwwer Traditiounen, orthodox Kultur, Musek a Folklore, mee och iwwer d’Liewen tëscht Vergaangenheet a moderner europäescher Gesellschaft. Natierlech dierf och déi bulgaresch Kichen net feelen – vu Shopska Zalot iwwer Banitsa bis bei de Rakija...


Ecuador
05/24/2026

Haut entdecke mir e klengt, mee immens villsäitegt Land a Südamerika. Ecuador vereent véier ganz ënnerschiddlech Regiounen: d’Pazifikküst, d’Anden, den Amazonas-Reebësch an d’Galápagos-Inselen. D’Land ass kulturell räich a geprägt vun indigene, kolonialen an afro-ecuadorianeschen Traditiounen. Och kulinaresch huet Ecuador vill ze bidden, ënner anerem Ceviche, Locro de Papa, Empanadas oder Patacones. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Gabriela Torres, der Magdalena Vera, der Silvia Baquerizo an der Mayra Mazias.


D’Vereenegt Staate vun Amerika
05/17/2026

D’Vereenegt Staate vun Amerika sinn eent vun de gréissten an aflossräichste Länner op der Welt. E Land tëscht Kanada a Mexiko, dat sech iwwer méi wéi 4000 Kilometer vun der Ost- bis un d’Westküst zitt – mat legendäre Stroossen wéi der Route 66. D’USA hunn eis all iergendwéi gepräägt: duerch Musek, Film, Sportsspektakeler wéi de Super Bowl oder d’Oscars, an och duerch eng Iesskultur, déi weltwäit verbreet ass. Eng Natioun, déi aus ville Kulturen zesummegesat ass – „E pluribus unum“. De Cédric Reichel am Gespréich mam Benny Brown, der Je...


Nordmazedonien
05/10/2026

Nordmazedonien ass e Binnestaat am Balkan am Südoste vun Europa, deen u Serbien, Bulgarien, Griichenland, de Kosovo an Albanie grenzt. D’Land ass 1991 onofhängeg ginn an dréit säin haitegen Numm eréischt zanter 2019 - virdru gouf et international dacks Former Yugoslav Republic of Macedonia gekannt. D’Haaptstad Skopje ass déi gréisste Stad am Land an e wichtegt kulturellt a wirtschaftlecht Zentrum. Eng aner bekannt Plaz ass Ohrid, déi besonnesch touristesch wéinst hirem Séi an hirer aler Stad vill Leit unzitt. Spezialitéite wéi Ćevapčići, Šopska Zalata oder Burek, begleet vun engem Ra...


Portugal
05/03/2026

Mir werfen endlech e Bléck op eng Communautéit, déi Lëtzebuerg wéi kaum eng aner gepräägt huet: déi portugisesch Diaspora. Zanter den 1960er Jore koume vill Portugisen a Portugisinnen op Lëtzebuerg - dacks fir hei ze schaffen a sech e Liewen opzebauen. Haut ass dës Communautéit déi gréisst am Land an e feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. Zesumme mat eise Gäscht schwätze mir iwwer hir perséinlech Geschichten: Firwat koume si oder hir Famill op Lëtzebuerg? Wéi gesäit hiren Alldag tëschent zwou Kulturen aus? Wéi eng Roll sp...


Russland
04/26/2026

Zënter dem 24. Februar 2022 an der Invasioun op d’Ukrain ass Russland definitiv e Land ginn, an deem och vill Landsleit net méi kënnen a wëlle liewen. E puer vun dësen huet et och (dacks iwwer Ëmweeër) op Lëtzebuerg verschloen. Wat heescht et fir si hautdesdaags Russen ze sinn? Wéi huet d’Verhältnis zur russescher Sprooch changéiert? Wéi gesi si déi russesch Communautéit zu Lëtzebuerg? Iwwer all dës Froen huet de Cédric mat der Anna Kuleshova, dem Sergey Zhitenev, dem Oleg Greshnev, an der Masha Volikova geschw


Paraguay
04/12/2026

Paraguay ass e sougenannte Binnenstaat, also e Land ouni Zougang zum Mier. Et läit tëscht Brasilien, Argentinien a Bolivien. D’Land gëtt duerch de Floss Río Paraguay an zwou grouss Regioune gedeelt. Am Oste läit déi méi fruchtbar Géigend, wou déi meescht Leit wunnen a wou Landwirtschaft bedriwwe gëtt. Am Weste läit de sougenannte Gran Chaco, eng dréchen an dënn besidelt Regioun mat vill Natur a wéineg Stied. Paraguay huet offiziell zwou Landessproochen: Spuenesch a Guaraní, eng indigene Sprooch, déi nach haut vun engem groussen Deel vun...


Belarus
03/22/2026

Belarus ass en osteuropäesche Binnenstaat, deen u Russland, d’Ukrain, Litauen, Lettland a Polen grenzt. Fälschlecherweis ass dëst Land a villen Schoulbicher nach als Wäissrussland bezeechent ginn. Belarus gëtt och oft als déi leschten Diktatur an Europa bezeechent. D’Land besteet zu 40% aus Bëscher an do lieft ënner anerem dat gréisste Mamendéier an Europa, nämlech den europäesche Bison. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Katja, der Margarita Kuzmina an dem Michel Kucherov.


Ukrain
03/15/2026

D’Ukrain ass de 24. Februar 2022 vu Russland iwwerfall ginn, mä eigentlech huet de Krich scho méi fréi ugefaangen. Mat 603.700 km² ass dëst Land mat Ofstand dat gréisste Land an Europa. Eigentlech liewen em déi 45 Mënschen do, mä vill hunn an de leschte Joren d’Land verlooss. E puer Dausend sinn och op Lëtzebuerg komm. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Yevgeniya Inozemtseva, der Iryna Skrypak an dem Oleksiy Kononov.


Lettland
03/08/2026

Lettland läit am Nordoste vun Europa, tëschent Estland a Litauen, un der Ostsee, an ass eent vun de baltesche Länner. D’Haaptstad Riga ass déi gréisste Stad am Baltikum a bekannt fir hir schéi Jugendstil-Alstad. Am Land mat ronn 1,9 Milliounen Awunner ass méi wéi d’Hallschent vun der Fläch mat Bëscher bedeckt. Zanter 2004 ass Lettland Member vun der EU an der NATO an zanter 2014 bezilt een do mam Euro. Eng wichteg Traditioun ass d’Lidder- a Danzfest, wou Dausende Leit zesumme sangen - eng Kultur, déi och vun der UNESCO als im...


Uganda
03/01/2026

Uganda läit an Ostafrika a grenzt am Norden un de Südsudan, am Osten u Kenia, am Süden un Tansania, am Südwesten u Ruanda an am Westen u d’Demokratesch Republik Kongo. D’Land grenzt och un de Victoriaséi, deem gréissten afrikanesche Séi. Ronn 45 Millioune Mënsche liewen do; Englesch ass d’Amtssprooch, Swahili eng wichteg Lingua franca, nieft ville Regionalsproochen. Uganda ass eng Republik, um Fändel gesäit een eng Hoergäns, déi och der Fussballnationalekipp hiren Numm gëtt. D’Haaptstad ass Kampala, d’Wärung ass de Schilling. Bekannt ass Uganda besonnesch fi...


Kapverden
02/22/2026

D’ Kapverden sinn eng fréier portugisesch Kolonie a bestinn aus zéng Inselen, déi ongeféier 570 Kilometer virun der Westküst vum afrikanesche Kontinent leien. Déi gréissten Insel heescht Santiago. Aus de Kapverden kënnt och eng vun de gréissten net-europäesche Communautéiten zu Lëtzebuerg. Am Land selwer liewe ronn eng hallef Millioun Mënschen, an ongeféier esou vill Kapverdianer wunnen am Ausland. D’Musek spillt eng ganz wichteg Roll op den Inselen. Déi bekanntst Museksrichtung ass de Morna, an déi bekanntst Sängerin war Cesária Évora. D’Crioulos, esou nennt een d’Fussball...


Zentralafrikanesch Republik
02/15/2026

D'Zentralafrikanesch Republik läit zimmlech genau am geografeschen Zentrum vum afrikanesche Kontinent. Des Republik ass 1958 onofhängeg vu Frankräich ginn. Niewent Franséisch ass Sango ei Sprooch déi vun allen ethnesche Gruppe geschwat gëtt. An de Reebëscher liewen ënner anerem och nach Gorillaen. Dëst Land vun iwwer 600.000 km2 ass mat 5,5, Milliounen Awunner*innen éischter dënn besidelt. De Cédric Reichel am Gespréich mat der der Lauraine Diberet an dem Lucien Gaba Meyer.


Libanon
02/08/2026

De Libanon läit am Noen Osten, an huet ee vun de markantste Fändelen iwwerhaapt: e gréngen Zedernbam op engem rout-wäiss-gesträifte Fong. Et liewe ronn 5 Millioune Mënschen op enger Fläch vu gutt 10.000 km² am Libanon, woubäi d’Diaspora bal dräimol esou grouss ass wéi d’Bevëlkerung am Land selwer. De wirtschaftlechen a kulturelle Mëttelpunkt vum Land, an och wäit doriwwer eraus, ass Beirut. Am Libanon liewe vill verschidde reliéis Communautéiten zesummen, dorënner Moslemen, Chrëschten an Drusen. D’Amtssprooch ass Arabesch, mee vill Leit schwätzen och Franséisch an En...


Peru
02/01/2026

De Peru läit op der Westküst vu Südamerika, a grenzt am Norden un den Ecuador a Kolumbien, am Osten u Brasilien, am Südosten u Bolivien an am Süden u Chile. De Peru ass bekannt als Häerz vun der fréierer Inkakultur mam absolutten Highlight Machu Pichu. Haut ass dëst Land e wichtege Produzent vu Koffer a Selwer. Niewent der fréierer Kolonialsprooch Spuenesch, sinn de Quechua an Aymara och nach haut offiziell Sprooche vum Land. Déi peruanesch Kichen huet an de leschte Joren e richtegen internationale Boom erlieft. De Cédric Reichel am Gespréic...


Südafrika
01/25/2026

Südafrika läit un der Südspëtzt vum afrikanesche Kontinent an zielt als eenzegt afrikanescht Land zu de G20 a gehéiert och zu de BRICS-Staaten. Iwwer 60 Millioune Mënsche liewen do, an et ginn 11 offiziell Landessproochen. Südafrika huet dräi Haaptstied: Pretoria als Regierungssëtz, Kapstadt als Parlamentssëtz a Bloemfontein als Sëtz vun der Justiz. D’Kinnekräich Lesotho ass als Enklav. komplett vu Südafrika ëmschloss. Am Kruger-Nationalpark kann een déi sougenannt „Big Five“ gesinn: Léiw, Elefant, Nashorn, Leopard a Büffel. Mee Südafrika ass och e Land mat enger schwéierer Vergaangenhee...


Kirgistan
01/18/2026

Kirgistan läit a Zentralasien an huet ongeféier siwe Milliounen Awunner:innen. D'Land ass staark vu senger eenzegaarteger Geographie beaflosst: méi wéi 90 Prozent vu senger Landfläch besteet aus Bierger. D'Tian-Shan-Bierger, och bekannt als Himmelsbierger, si besonnesch prominent. Bekannt ass och de Séi Issyk-Kul, ee vun de gréissten Héichteséien op der Welt, an deen, wéinst sengem héije Salzgehalt, och am Wanter seele veräist. Kulturell ass Kirgistan déif an nomadeschen Traditioune verankert. Jurten, Päerd a saisonal Véizuucht spillen nach ëmmer eng wichteg Roll. Den Nationalepos "Manas", ee vun de längsten...


Australien
01/11/2026

Australie läit op där anerer Säit vun der Welt, ee vun den éischte Länner, an deem dat neit Joer begréisst gëtt. Staatschef ass de Kinnek Charles III., an am Land liewen ongeféier 26 Milliounen Awunner:innen, virun allem an de Küstestied. Déi riseg bannenzeg Géigenden, den Outback, sinn haaptsächlech dréchen a wéineg besidelt. Eng zentral Roll an der Kultur spillen d’Aborigines, déi schonn zënter op d’mannst 60.000 Joer um Kontinent liewen a domat eng vun den eelste kontinuéierleche Kulturen op der Welt hunn. Am Sport ass Australie v...


Feierdag-Spezial 2
12/21/2025

Wann et dorëms geet, wéi een d’Feierdeeg verbréngt, huet jiddweree seng eegen Traditiounen. Wa mir dann nach e bëssen iwwer den Tellerrand kucken, ginn déi Ënnerscheeder nach eemol e gutt Stéck méi grouss. An dat maache mir an enger Spezial-Feierdag-Editioun vun eiser Serie Fënster Op. Mir hunn och dëst Joer nees bei eisen Invitéen nogefrot, wéi an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silvester gefeiert gëtt.


Uruguay
12/14/2025

Uruguay ass e Land mat 3,5 Milliounen Awunner:innen, dat tëschent Brasilien an Argentinie läit an als stabil Demokratie an der Regioun gëllt. Déi éischt Fussballweltmeeschterschaft gouf hei ausgedroen, bei där d’Heemekipp och gewonnen huet. Bekannt sinn d’Uruguayer:innen och fir hire Mate-Konsum. Doriwwer an iwwer villes méi schwätzt de Cédric Reichel mat der Maria Dupin, der Clara Etcheverry an der Silvana Ferreira.


Dominikanesch Republik
12/07/2025

D’Dominikanesch Republik läit op der Insel Hispaniola, déi zu de groussen Antille gehéiert. Dëst Land deelt sech dës Insel mat der Republik Haiti, déi de westlechen Deel vun der Insel anhëlt. Aus der dominikanescher Republik kommen d’Urspréng vun der Bachata an dem Merengue. Nationalsport ass de Baseball. De Cédric Reichel am Gespréich mam Michael Martinez Gonzalez a Jackar Valenzuela.


Demokratesch Republik Kongo - 2
11/23/2025

Et gëtt dës Kéier eng Première bei Fënster Op: Fir déi éischte Kéier schwätzt de Cédric Reichel direkt zweemol hannerteneen iwwer dat selwecht Land, awer mat aneren Invitéen. Et geet och dës Kéier nees ëm d’Demokratesch Republik Kongo. E Land, dat zu méi wéi 60 Prozent mat tropeschem Reebësch bedeckt ass, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Dem Cédric Reichel seng Invitéen: Emmanuel Kibanzala, Philippe Akele, a Shimen Zouzoua


Demokratesch Republik Kongo
11/16/2025

Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Häerz vum afrikanesche Kontinent, an e Land mat enger faszinéierender Natur an enger beweegter Geschicht. IIwwer 60 Prozent vum Land si mat tropeschem Reebësch bedeckt, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Trotz enger schwiereger Vergaangenheet huet de Kongo eng räich Kultur an eng begeeschtert Sportszeen. Legendär bleift de Boxkampf Rumble in the Jungle tëschent dem Muhammad Ali an dem George Foreman, deen 1974 zu Kinshasa stattfonnt huet. De Cédric Reichel am Gespréich mam Jean-Paul Shungu, d...


Schottland
Schottland episode artwork
11/09/2025

Schottland ass en Deel vu Groussbritannie mat eppes iwwer 5 Milliounen Awunner:innen an enger ganz eegener Geschicht an Traditiounen. D’Haaptstad ass Edinburgh an déi bevëlkerungsräichst Stad ass Glasgow. Hei fënnt och reegelméisseg ee vun de geschichtsträchtegste Fussballderby statt, den Old Firm. Duddelsäck, de Schotterack, Whisky an d’Monster vu Loch Ness si fest Bestanddeeler vun der schottescher Kultur. Iwwer dës Theeme schwätzt de Cédric Reichel mat der Anthea MacDonald, dem Daniel Kelly an dem Finlay Mason.


Finnland
10/26/2025

Finnland ass e Land a Skandinavie mat Grenzen zu Norwegen, Schweden a Russland. An der Landessprooch heescht Finnland Suomi. D’Finne gëllen zënter Joren als besonnesch glécklech Leit, wei de World Happiness Rapport behaapt. D'Klischeeën iwwert d’Land sinn déi grouss Léift zur Sauna, datt d'Mënschen net vill schwätzen, d'Melancholie an Nokia. Iwwert all des Theme schwätzt de Cédric Reichel mat der Maija Voutilainen, dem Jouko Raatikainen, an dem Lassi Kangasluoma.


Burkina Faso
10/19/2025

De Burkina Faso leit a Westafrika, ouni direkten Accès zum Mier, mat als Nopeschlänner de Mali, Niger, Benin, Togo, Ghana an der Cote d’Ivoire. Lëtzebuerg ass zënter den 90er Joren en enke Kooperatiounspartner an huet och eng Botschaft an der Haaptstad Ouagadougou. Den Nationalsport ass d’Vëlofueren. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Serge Daniel Kaboré, Roger Kiemdé Yamnoma, Stanislas Kaboré.


Montenegro
10/12/2025

Montenegro läit am Balkan a Südosteuropa. An der Landessprooch heescht des Land ganz einfach schwaarze Bierg, Crna Gora.. Zanter 2006 ass dëst Land, dat laang Joren en deel vun Ex-Jugoslawie war an dono an enger Federatioun mat Serbie war, komplett onofhängeg. D’Bevëlkerung vu Montenegro ass ongeféier esou grouss wei Lëtzebuerg, dat awer op enger 5 mol esou grousser Fläch. Déi montenegrinesch Communautéit zu Lëtzebuerg ëmfaasst Schätzungen no tëschent 10.000 a 15.000 Leit. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Emina Hodžić, dem Hasan Šaćirović, an dem Aldin Avdić.


Georgien
09/28/2025

An der Landessprooch heescht Georgien Sakartvelo. Et huet Landesgrenze mat Armenien, Aserbaidschan, Russland an der Tierkei an Zougang zum Schwaarze Mier. 3,7 Millioune Mënsche wunnen an dësem Land, an deem ee mat Lari bezilt. Scho virun 8.000 Joer gouf hei Wäin hiergestallt. Berüümt ass dëst Land och fir seng Kléischter, zum Beispill an der Kasbek-Regioun oder zu Mzcheta an och fir de polyphone Chakrulo Gesang, deen och immateriellt Kulturierwe vun der Unesco ass. Déi zwee Landesdeeler Abchasien a Südossetien sinn zënter 2008 de facto vu Russland besat. Iwwer all dës Theemen huet de Cédric R...


Venezuela
09/21/2025

Venezuela läit am Norde vu Südamerika, huet Grenze mat Brasilien, Guyana a Kolumbien an eng 2.800 Kilometer laang Küst mam Atlantik. An de leschte Joren hu vill Leit dëst Land aus ekonomeschen oder politesche Grënn verlooss. Bekanntsten Iessen aus dësem Land sinn Arepas, eng Zort décke Panech aus Mais. Nationalsport ass de Baseball. De Cédric Reichel am Gespréich mam José Gregorio Gomes Faria, der Carolina Lazo Albrecht an dem Gustavo Morales.