Gamer Things

40 Episodes
Subscribe

By: Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

✂️ Turn this podcast into clips
Episod 134 - EA, Call of Duty, GTA: Gaming-Welt am Gespréich
Today at 5:00 AM

An dëser Episod vu Gamer Things stinn nees vill Diskussiounen um Programm! D'Jonge schwätzen iwwert d’News ronderëm EA, Bethesda a firwat Call of Duty aktuell fir Kontroverse suergt. Vill Theemen zu deene si och ganz vill ënnerschiddlech Meenungen deelen. Du hues och eng Meenung dozou? Da schalt eran an diskutéiert mat.


Episod 133 - Star Wars: Galactic Racer oder DLSS-5? Why not both?!
10/21/2026

D'Jonge vu Gamer Things erfuersche Galactic Racer. Een hyperséiert, actionverpaakten, süchtegmaachend, adrenalinkickend, hecktegt a stressegt Star Wars Racing-Spill mat allem wat engem Rennspill- a Star Wars-Fan säin Häerz méi héisch schloe léisst. Wat kann dat nach toppen? Ma vläit just nach ee fatzegen DLSS-5-Filter uewendrop, dass ee vergësst, dass et manner wéi ee Mount ass bis Chrëschtdag! Ähm also de Release vu GTA6 - pardon!


Episod 132 - GTA 6 News a STAR WARS Galactic Racer ass peak?
10/07/2026

Et gi weider News zum Summer Blockbuster GTA 6, Star Wars: Galactic Racer ass schonn dat zweet gutt Star Wars-Spill hannerteneen, a WoW 4eva ass den Dram vun alle Gamer iwwer 30. Ass dat wierklech alles esou? Där Fro ginn d'Jonge vu Gamer Things op de Fong an natierlech hunn si och nach ganz vill aner Theeme behandelt.


Episod 131 - Blizzcon 2026 weist wéi et geet! Do kann Nintendo just staunen
09/23/2026

D'Jungs kënne just schwäermen iwwert wéi d'Blizzcon dëst Joer einfach de Leit d'Strëmp ausgedoen huet matt enger gudder Noriicht no der anerer. WoW Forever, Diablo 3, Starcraft FPS an Warcraft 3 DLC. Do staunen de Kirby an de Link nawell net schlecht!


Episod 130 - GAMESCOOOM a GTAAA
09/08/2026

De Mike war op der Gamescom an huet vun do ganz vill Infos an Andréck matbruecht. Ausserdem ass et souwäit, mir liewe lo an enger Welt déi GTA 6 Gameplay gesin huet. Wat eis Nerds dozou soen an nach villes méi, wi gewinnt an dëser Episod.


Episod 129 - Vum Summerlach bis GTA 6
08/26/2026

D’Hëtzt dréckt, d’PCe blosen an de Gaming-Kalenner fëllt sech: mir kucken, wat eis an de nächste Méint nach alles erwaart. Vun Blood of the Dawnwalker, Onimusha a Silent Hill: Townfall iwwer Marvel’s Wolverine, Nivalis an dat neit Castlevania bis bei de groussen Elefant am Raum - GTA 6 - ass fir jiddereen eppes dobäi. Dobäi schwätze mir iwwer Star-Wars-Spiller, de kollektiven Ubisoft-Hate, eis verluere Gedold bei schwéiere Games an déi gutt al Zäiten, an där een dat selwecht Level honnertmol gespillt huet. Ausserdeem: Gaming am Altersheem, eis Léift fir Rocky...


Episod 128 - Netflix Preview fir 6 Stonnen
08/12/2026

Am Summerlach koum dach trotzdeem nach eng ganz ënnerhalsam News zum groussen Titel GTA6: nämlech, dass Netflix ee ganz gudden Deal gemaach huet a sechs Stonne laang ee Virrecht op de Contenu huet dee Rockstar eisubitt. Wow! Plus: d'Gamescom steet un a wat mécht ee soss nach am Summerlach? Lauschter eran, kuck eran a schwätz mat!


Episod 127 - Assassin's Creed Black Flag a lauter RED FLAGS
07/29/2026

No e bësse Gepotert iwwert Assassins' Creed Black Flag a Resident Evil, maachen d'Jonge vu Gamer Things sech Gedanken iwwert d'Zukunft an de Fait, dass an noer Zukunft keng physesch Kopië vu Spiller méi an de Regaler ze fanne wäerte sinn. Wat bréngt dat mat sech? Kann een et stoppen a wien ass Verantwortlech? Dat a villes méi an dëser neier Episod vu Gamer Things.


Episod 126 - GTA, Steam Machine a Memberships
07/01/2026

Et geet deier hier an der Industrie! Egal ob et 1.000 Euro fir eng Steam Machine sinn oder 100 Euro fir GTA6, ee GTA Premium Membership fir Multiplayer oder den normalen Online Abo. Also ëmmer fläisseg Suen an d'Spuerbéchs leeën! Ass dann alles wierklech elo ëmmer nëmme méi schlecht oder gëtt et awer nach Hoffnung?Lauschter eran a schwätz mat an der neitster Episod vu Gamer Things!


Episod 125 - NEE3 SEASON ASS DOOO
06/17/2026

Wat fréier E3 geheescht huet, ass haut op lauter verschidde Präsentatiounen opgedeelt: Sony State of Play, Summer Games Fest, Xbox Showcase an Nintendo Treehouse. Mir hunn eis dës all ugekuckt a schnëssen iwwer alles wat eis opgefall ass: déi gutt an déi schlecht Saachen. Wat häls du da vun all deene Präsentatiounen?


Episod 124 - JAMES BOND: First Light a PARALIVES
06/03/2026

Ass Modern Warfare eng nei Luucht um Enn vum Tunnel vun onbeléifte Call of Doodies? Kann ee jonken James Bond d'Fans iwwerzeegen, dass et och emol anescht goe kann? Wéi ass et een James Bond-Film ze spillen?Ausserdeem huet "Paralives" am early Access alle Sims-Spiller frësche Wand ugebueden. Dat a villes méi gëtt et an dëser Episode GamerThings! Kuckt eran, lauschter eran a schwätzt mat!


Episod 123 - UFOS! Ah jo a Saros a Forza Horizon 6
05/20/2026

Ongescript, onzenséiert an ongeplangt! D'Jonge vu Gamer Things schwätzen an der neitster Episod iwwer Ufoen. Iergendwann hunn si sech awer erëm drun erënnert wéi de Podcast eigentlech heescht an et gouf nees op Gaming-Theeme geswitcht. De Marc huet Saros duerchgespillt a gëtt säi Review. An de Mike iergert sech iwwert déi neitste Money-Tricks vu Microsoft bei Forza Horizon 6. Dat alles a villes méi, wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.


Episod 122 - SAROS ass do an AC BLACK FLAG kënnt zeréck!
05/06/2026

Saros ou Saros pas? De Rahul Kohli Simulator vun Housemarque ass endlech do an de Marc huet villäicht spicy Take zum Spill? Mir freeën eis all iwwert d'Annonce vun Assassins Creed Black Flag Resynced an dem Remake vum Franchise-Libling. Dat bréngt eis zu enger, mëttlerweil reegelméisseger Diskussioun ronderëm Ubisoft a seng Lamentéierungen. Alles dat an erstaunlech vill Filmdiskussiounen erwaart dech an dëser Episod vu Gamer Things.


Episod 121 - CRIMSON DESERT a PRAGMATA... mir iesse gutt!
04/22/2026

De Petz huet fir sech en neit Doheem a Crimson Desert geschaf a wëll do net méi fort. Kuerz huet e säi Wee dann awer bei eis fonnt fir ze schwäermen. Dann ass mat Pragmata och en neie Banger um Marché an de Mike huet sech dat da mol intensiv ugekuckt. A fir Battlefield 6 goufen et mol erëm eng Kéier keng sou schlecht Norichten, si hunn eng Roadmap presentéiert, déi de Marc ënnert d'Lupp geholl huet. Dat a villes méi an dëser Episod vu Gamer Things. Vill Spaass a good game!


Episod 120 - Ass Crimson Desert gutt? Ass DLSS5 een AiSlop?
03/25/2026

D'Jonge vu Gamer Things hunn dat laang erwaarte Crimson Desert gespillt a rätselen doriwwer, ob et dann esou gutt ass, wéi säi Ruff. Des Weideren hunn si sech d'Froe gestallt, wisou dann ëmmer méi Leit an der Gaming-Industrie endlos ginn an ob DLSS5 dann esou skandaléis ass, wéi jidderee seet. Wat denks du iwwert déi Saachen? A fënns du, dass den Hype ronderëm Crimson Desert berechtegt ass?


Episod 119 - High Guard geet a MIDNIGHT kënnt
03/11/2026

Komplett onerwaart, wéi aus heiterem Himmel, e reegelrechte Schock... si Sätz, déi een net wierklech mam Enn vun High Guard a Relatioun bréngt. World of Warcraft bréngt do dergéint mat Midnight eng nei Erweiderung eraus, Resident Evil 9 schléit a wéieng Bomm a Marathon fënnt méi Uklang wéi erwaart. Vill Spaass a good game wënschen d'Jonge vu Gamer Things mat der neitster Episod.


Episod 118 - PHIL SPENCER, STATE OF SONY a CRIMSON DESERT
02/25/2026

De Phil Spencer geet an d'Pensioun an d'XBox a Richtung AI-Hell? Sony huet op der éischter Editioun vun hirem State of Play vun 2026 eng Rei Spiller gewisen a fir déi eng an aner Iwwerraschung gesuergt. A mat Crimson Desert kënnt ganz geschwë vläit schonn de Main Contender fir d'Game of the Year eraus. Dat a villes méi, wéi gewinnt bei eise low-cortisol Gamer vu Gamer Things.


Episod 117 - Ze vill Haass an der Gaming Welt
02/11/2026

An dëser Episod geet et ëm de Schluss vun Ashes of Creation a wéi World of Warcraft weider um MMO-Troun sëtzt. Dann huet dat neit Spill Highguard nach fir Schlagzeile gesuergt a wat mécht AI elo nach alles an der Filmindustrie? Dat a villes Méi wéi gewinnt mat eise Jongen aus der Gaming-Zeen an der neier Episod vu Gamer Things.


Episod 116 - FABLE kënnt an ARC RAIDERS geet?
01/28/2026

Mir hunn eis d'XBOX Developer Direct vum Januar ugekuckt an u sech waren et mat FABLE, Forza Horizon 6, Beast of Reincarnation a KILN lauter Banger. De Marc huet awer mat enger schwéierer Trennung mat ARC RAIDERS ze kämpfen. Wat et domat op sech huet an ob hien elo trotzdeem nach offiziell als "Gamer" bezeechent dierft ginn, gëss du an dëser neier Episod vu Gamer Things gewuer. Mee natierlech gëtt et net nëmmen dat, mee et ginn nach vill méi Saachen z'entdecken. HAVE FUN!


Episod 115 - Alles Guddes 2026
01/14/2026

Dat neit Joer huet ugefaang a well dëst e Podcast mat mëttelale Männer ass, ass aus dem geplangte Preview op 2026 eng Jéimersessioun ginn... genuch gelaacht hu mer trotzdeem erëm an dat eent oder anert d'Spill ass awer méi genee ënnert d'Lupp geholl ginn.


Episod 114 - De Joresréckbléck 2025: Wat waren d'Highlights
12/31/2025

2025 ass duerch an et war alles, mee just net langweileg. An dëser Episod vu Gamer Things kucke mir zeréck op d’Gaming-Joer 2025. Dat heescht mir kucken op déi gréissten Highlights, op déi Spiller, déi eis komplett zerstéiert hunn an och op déi Titelen, déi eis positiv iwwerrascht hunn. Mir schwätzen iwwer Spiller, déi nei Standarde gesat hunn, iwwer staark Story-Momenter, süchteg Gameplay-Loopen an eng Technik, déi gewisen huet, wéi d’Rees an der Gaming-Welt an Zukunft wäert ausgesinn. Wat war Game of the Year-Material? Wat ass bei eis hänke bliwwen a wa


Episod 113 - THE GAME AWARDS 2025 & Réckbléck op 2025
12/17/2025

D'Game Awards 2025 si laanscht an dat alt Joer geet och gläich op een Enn. D'Jonge vu Gamer Things hunn sech d'Awards genee ugekuckt, mee dat lescht Joer gouf awer och nach eemol genau ënnert d'Lupp geholl. Wéi ëmmer gëtt alles an enger nawell lëschteger Episod analyséiert. Mee wéi hunn deng Favoritten dann iwwerhaapt ofgeschnidden? A wéi huet däi Joer a Punkto Gaming ausgesinn? Schreif de Jonge vu Gamer Things gären ee Message mat denger Meenung an dengem Réckbléck.


Episod 112 - GAME AWARDS SEASON ass eröffnet
12/03/2025

Den Dezember huet ugefaang a soumat geet de Gaming-Endspurt an d'Startlächer. Mir kucken eis d'Nominatioune fir d'GAME AWARDS un, bedeelegen eis un den neie Gerüchter ronderëm d'Half Life 3 an de Petz huet een Deel vu senger Séil verluer, well hien den neien Trailer fir Destiny 2 Renegades gekuckt huet.


Episod 111 - COD: ee Black Flop 7 dofir ARC RAIDERS um Top?
11/19/2025

Den neie Call of Duty ass endlech do an ass sengen Erwaardungen eigentlech zimmlech gerecht ginn an dat muss net onbedéngt eng gutt Saach sinn. Arc Raiders dogéint schéint anzeschloen, wéi eng Bomm an den Extraction Genre gëtt doduerch méi an de Mainstream  gedréckt. Natierlech hunn d'Jonge vu Gamer Things sech och schonn hannert den neien ANNO 117 Pax Romana gesat. Des Weideren ass de Petz traureg, dass The Outer Worlds 2 net genuch gelueft gëtt. Dat a villes méi gëtt et wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.


Episod 110 - AI Spezial 2: Wat gëtt et Neies?
11/05/2025

Haut gëtt et alt eemol erëm een Update aus der Welt vun der kënschtlecher Intelligenz. Et gëtt spekuléiert, assuméiert a philosophéiert an dat iwwert déi neitsten Updates, déi eis d'AI-Welt esou ze bidden huet. Ass wierklech alles nëmme gudde Fortschrëtt oder sollte mir méi virsiichteg mat eiser Euphorie ëmgoen? Schwätz roueg mat!


Episod 109 - BATTLEFIELD 6!
10/21/2025

Back to Battlefield! Nom Release um 10. Oktober kennen d'Jonge vu Gamer Things (bal) nëmmen dovu schwäermen erëm zeréck an e Battlefield ze sprangen, dat sech och sou ufillt wéi ee Battlefield sech ufille soll. Et gi knackege Sounds, Action am Iwwerfloss an ee risege Choix u Spaass. Mee d'Spill ass nach net ganz a sengem vollem Potential opgebléit! Lauschtert eran a schwätzt mat!


Episod 108 - Moien BF a COD SHOWDOWN an Äddi EA?
10/07/2025

De grousse Showdown steet bevir an nodeems mëttlerweil dann och COD seng Beta released huet kann ee spekuléiere wien d'Nues vir wäert huet. Dofir huet EA vun elo un hir Nues op anere Plazen an dës Entscheedung wäert warscheinlech net dee beschte Geroch bei der Fancommunity hannerloossen. Mat Dësen a ville weideren Theeme beschäftegen sech eis Gamer nees fir dech. GG


Episod 107 - SILKSONG kickt eis asses a BORDERLANDS 4 kickt hir Fans?
09/24/2025

Elo nodeems mir e bëssen Zäit mat Silksong verbruecht hunn, ginn et zwou grouss Erkenntnisser. Et ass mega gäil... a mega schwéier. Wéi wäit si mir komm an huet schonn een opginn? A propos opginn: Borderlands 4 ass frësch um Marché, mee wat soen dann d'Kriticken? Dann huet Nintendo och nach eng laang Direct presentéiert, déi mir eis méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn. GG a vill Spaass.


Episod 106 - September ass Neijoerschdag!
09/10/2025

Happy Rentrée, endlech gëtt et ee mol erëm News! Am September gouf endlech de laang erwaarden Titel Silksong vun TEAM CHERRY released. Kann ee säi Virgänger Hollowknight an de Schied stellen? De Remake vu Metal Gear Solid3 huet de Mike sech natierlech schonn ugekuckt, woubäi kucke wierklech déi richteg Wuertwal ass! D'Updates an den Trailer vum neie James Bond-Game sinn och absolut derwäert an dowéinst schwätzen d'Jonge vu Gamer Things natierlech och dodriwwer. Komm gären däi Pefferkär dobäi leen!


Episod 105 - Gamer Things op der Gamescom: Live aus Köln
08/27/2025

An dëser Episod vu Gamer Things geet et ëm déi gréisste Gaming-Foire vun Europa: d’Gamescom 2025 zu Köln! Et ass also Zäit fir eng grouss Zesummefaassung 🎮  Zesumme schwätzen d'Jonge vu Gamer Things iwwer déi spannendst nei Ukënnegungen, hir Highlight-Spiller, d’Stëmmung op der Foire an déi kleng Momenter, déi een nëmme matkritt, wann een op der Plaz ass.


Episod 104 - Gamescom 2025: Mir si prett!
08/13/2025

D’Gamescom 2025 steet virun der Dier – an de Mike mécht sech prett fir eleng dohinner ze fueren! 🎒🎮 An dëser Episod vu Gamer Things schwätze mir zu zwee iwwer dat wat kënnt, ob wat de Mike sech am meeschte freeë kann a wéi säin Agenda op der Foire ausgesäit. Natierlech geet et och ëm Battlefield 6 Beta: éischt Andréck, Highlights an e bësse Gejéimers, wann et nach hapert.  💬 Wat erwaarts du vun der Gamescom? An hues de d’BF6 Beta scho getest? Hannerlooss eis däi Feedback gären an de Kommentaren! 


Episod 103 - BATTLEFIELD an DONKEY KONG BANANZA
07/30/2025

Battlefield 6 gouf offiziell mat engem Trailer ugekënnegt an domat fänkt den Hype un. De Mike boxt sech grad duerch Donkey Kong Bananza op der Switch 2 an erzielt eis vu sengen éischten Andréck. Dat an nach villes méi, gëtt et dës Woch bei GAMER NET OP DE... THINGS!


Episod 102 - Nei Spiller,grouss Hoffnungen: Wildgate, Battlefield & méi
07/16/2025

An dëser Episod vun Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren iwwert de crewbaséierten Extraction Shooter Wildgate – kann dëse Mix aus Raumfaart, Action a Strategie de Genre nei definéieren? 🚀 Donieft schwätze mir iwwer de Remake vun Tony Hawk’s Pro Skater 3+4, deen elo offiziell eraus ass: Wéi gutt funktionéiert d'Skate-Nostalgie am Joer 2025? 🛹 Zum Schluss kucke mir op Battlefield 6 – d’Erwaardunge sinn héich, mee gëtt et endlech nees ee richtegen Hit fir d’Serie? 💥 🎁 Gewënnspill-Zäit! Gewannd'Deluxe Edition vun Death Stranding 2 – mir erklären am Podcast, wéi’s dumatmaache kanns! 🎧 Lauschter eran, loos


Episod 101 - DEATH STRANDING 2, REMATCH an DONKEY KONG
07/02/2025

Eis Gamer erfuerschen d'Welt vum Hideo Kojioma sengem neisten Titel Death Stranding 2 a schwätzen driwwer wat dann am beschten hëlleft an och NET hëlleft fir bëssen ze "escapen". E bësse Fussball am Style vu Rocket League hëlleft dann och vläit am Spill Rematch, wat de Petz sech natierlech als RL-Fan ganz gären ënnert d'Loup hëlt. Dann ass op der neier Nintendo Switch 2, Donkey Kong Direct presentéiert ginn, an - oha - do kann een sech nëmme freeën! Dat a villes méi, wéi gewinnt bei Gamer Things!


Episod 100 - Summer Games Fest Saison ass do
06/18/2025

Mam Summer Games Fest huet, wat fréier als E3-Saison bekannt war, alles ugefaang. Soumat hunn eis dräi Gamer vill ze vill Theeme fir just an eng Episod ze stiechen. E puer hunn si sech awer erausgepickt a fir déi 100. Episod gëtt et och mol erëm eppes richteg Flottes ze gewannen.


Episod 99 - Elden Ring, Battlefront & TLOU
06/04/2025

Nei Welten a bekannte Geschichten: An dëser Episod vu Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren déi spannendsten Neiegkeeten aus der Gaming-Welt:  • 🗡️ Elden Ring: Nightreign – Dëse Standalone-Titel am Elden Ring-Universum bréngt nei Gameplay-Elementer an en 3-Spiller Koop-Modus.  • 🌌 Star Wars Battlefront 3 – Gerüchter iwwer eng méiglech Fortsetzung maachen d’Ronn, nodeems een Ex-Entwéckler Undeitung gemaach huet. EA fokusséiert sech an där Zäit op aner Franchisen, wat d’Zukunft vun Battlefront 3 onsécher mécht.  • 🏰 Tower Dominion – Dëst roguelike Tower-Defense-Spill kombinéiert strategeschen Terrain-Design mat dynamesche Verdeedegungssystemer an dat mat 30 Helden an engem endlosen “Frontier Mode”...


Episod 98 - DOOM THE DARK AGES ass doo(m) a GTA VI ass schéin
05/21/2025

Eng gutt gefëllten Episod gëtt et dës Woch: esou ass zum Beispill DOOM The Dark Age released an huet, trotz fantastesche Reviews, duerch säi Präis d'Debatt ronderëm 80 Euro-Games weider ugefacht, GTA 6 huet alt nees eise Podcast gelauschtert an eise Wonsch no engem neien Trailer erhéiert an de Mike schwäermt an den allerhéchsten Téin vu Clair Obscur. Dat alles a vill méi an dei neier Episod vu Gamer Things. LFG!


Episod 97 - GTA 6 réischt 2026! Ass CLAIR OBSCUR also GOTY?
05/07/2025

Et ass souwäit: GTA 6  gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes méi an der neitster Episod Gamer Things! Have fun!


Episod 96: Ass MARATHON e Sprint? STAR CITIZEN e Marathon?
04/23/2025

BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!


Episod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet
04/09/2025

D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.