Gamer Things

40 Episodes
Subscribe

By: Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Episod 97 - GTA 6 réischt 2026! Ass CLAIR OBSCUR also GOTY?
Last Wednesday at 4:00 AM

Et ass souwäit: GTA 6  gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes méi an der neitster Episod Gamer Things! Have fun!


Episod 96: Ass MARATHON e Sprint? STAR CITIZEN e Marathon?
04/23/2025

BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!


Episod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet
04/09/2025

D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.


Episod 94 - ASSASSINS CREED SHADOWS Top? AI-LEAKS Flop?
03/26/2025

No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Liewen. De Petz huet och Gebuertsdag a gëtt ural. Mat Chance (an engem staarke Brëll) erkennt en nach deng Wënsch déi s du him kanns han


Episod 93 - MONSTER HUNTER WORLDS A BATTLEFIELD 6 LEAKS
03/12/2025

De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.


Episod 92 - Sony State of Play
02/26/2025

Ganz gespaant hunn d'Jongen sech all déi nei an net sou nei Titelen aus der Sony State of Play ugekuckt an sech Gedanke gemaach wat dann sou ze erwaarden ass, a wat da léiwer net. Lauschtert oder kuckt eran, schwätzt matt an de Kommentarer oder loosst hinnen e Moien! Vill Spaass!


Episod 91 - KINGDOM COME 2 a CIV 7, ee Fest fir Sim-Fans?
02/12/2025

Nieft enger Rei "Rants" iwwert den Zoustand vu verschidde Videospill-Franchisen, freeën sech eis Gamer awer iwwer zwee grouss Releasen, déi an de Startlächer stinn. Kingdom Come Deliverance 2 a Civilization 7 sinn alle Béid Blockbuster an entgéint de rezenten Trends, schénge béid gutt unzekommen. Dëst a villes méi wéi gewinnt an der neier Episod vun eisem Podcast Gamer Things.


Episod 90 - Xbox enttäuscht a Nintendo presentéiert Switch 2
01/29/2025

Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.


Episod 89 - Marvel Rivals an Elon Musk
01/15/2025

MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt! Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméiert?


Episod 88 - Déi grouss Zeréckkuck 2024
01/01/2025

D'Jonge vu Gamer Things hunn dat lescht Joer Revue passéiere gelooss. VILL LUCK+20 AM NEIE JOER! Mir hunn et iergendwéi gepackt: 2024 ass eriwwer a mir kucken zeréck op d'High- a Lowlights vun de leschten 12 Méint. E bëssen After-Christmas-Gelabbers dierf natierlech och net feelen. Mir hoffen du has ee gudde Rutsch a mir freeën eis drop dech och 2025 weiderhin amüsant iwwert Gamingwelt z'informéieren. GG De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.


Episod 87 - Bombastesch Game Awards
12/18/2024

Lescht Woch goufen d'Game Awards zu Los Angeles verdeelt. Mir hu bombastesch Game Awards hannert eis, mee trotzdeem ginn et divers Kontroversen déi beschwat musse ginn... De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.


Episod 86 - Vill Neies bei SONY an d'Game Awards
12/04/2024

SONY mat allerlee Neiem an d'Game Awards sti virun der Dier! Sony léisst vill vun sech héieren an der Lescht an dat mat engem eventuelle Kaf vum Publisher FromSoftware, enger neier Handheld-Konsol a Cloudgaming op der Playstation Portal! Dobäi dierfen d'Nominatioune vun de Game Awards 2024 awer net ze kuerz kommen. De Mike an de Marc kucken iwwert d'Lëscht a ginn hire Pefferkär bei all Kategorië bäi. Dat a villes méi erwaart dech an der neier Episod vu Gamer Things.


Episod 85 - Comeback bei Bioware a Gebuertsdag bei Warcraft
11/20/2024

Bioware ass zeréck am RPG a Warcraft feiert 30 Joer! Bioware féiert hir bekannten Dragon Age-Rei weider a kann endlech erëm iwwerzeegen. Dann feiert Warcraft 30 Joer a Blizzard huet divers News zu deem Thema...


Episod 84 - CoD Black Ops 6, UBISOFT a BLIZZARD
11/06/2024

CALL OF DUTY Black Ops 6 ass do, UBISOFT a BLIZZARD maache Money-shenaniggans. Ee vun de Shooter-Spiller vun allen Zäiten ass endlech do. Eis Gaming-Jongen hunn den neie Call of Duty natierlech getest an zielen dir wat si dovunner halen. Donieft huet Blizzard awer och nach e kontroverse Montant fir Echtgeld rausbruecht an de Petz mécht seng Podcast-Kolleege mam neien NFT-Hit vun Ubisoft bekannt. A jo och si mussen, hoffentlech fir eng leschte Kéier iwwert d'Spill Concord schwätzen. Vill Spaass a Good Game!


Episod 83 - Horror Oktober
10/23/2024

Horror Oktober mat Silent Hill 2 an aneren Titelen - egal op Game oder Film! Eis Gaming-Nerds haten zwar ufanks nach News um Programm stoen, mee duerch d'Gespréich ronderëm de Silent Hill 2-Remake sinn si an d'Oktober-Horroreuphorie geroden an hunn sech iwwert déi grujelegsten Erfarungen aus der Entertainmentbranche ausgetosch. Hunn si déi Schlëmmste genannt oder fält dir nach en Titel an deen si vergiess hunn?


Episod 82 - LGX ass zeréck & Ubisoft léist eng kommen
10/09/2024

An der neier Episod vu Gamer Things steet een Thema am Vierdergrond an dat ass d'LGX. Nieft dem Haaptthema hunn si nach een Debakel ronderëm d'USK-Steam  mat dobäi an Ubisoft huet schonn nees eng komme gelooss.


Episod 81 - CONCORD schlëmmer wéi geduecht? BATTLEFIELD Hopium start!
09/25/2024

De grousse Sony-Flop CONCORD huet anscheinend nach vill méi kascht wéi bis elo ugeholl, de Vince Zampella an EA hunn éischt Informatiounen iwwert den nächsten BATTLEFIELD verëffentlecht, an allerhand méi kleng Themen hu mir haut um Programm. Vill Spaass a Good Game.


Episod 80 - Concord ass schlecht an SW Outlaws ass esou schlecht wéi se soen
09/10/2024

Negativitéit ass modern! D'Leit schéngen sou verwinnt, se kritiséieren mëttlerweil Alles! D'Jongen vun Gamer Things bléiwen do léiwer um Buedem an weiderhinn mam vollen Duechbléck. Concord, en AAA Game ass no 2 Wochen schon annuléiert. Black Ops présentéiert omni-movement, Star Wars Outlaws gett aus Loscht an Laun schlecht geschwaat an Black Myth Wukong weist (spillerech) dass et nach geet wann een well. Lauschtert eran an schwäetzt matt beim neien Episode Gamer Things!


Episod 79 - Gamescom, Gamescom, Gamescom
08/28/2024

Et war erëm Zäit fir d'Gamescom a genau dowéint gëtt et fir dës Woch nëmmen een Thema...


Episod 78 - Summerlach? Zäit fir d'Update-Season
08/14/2024

Mir fëllen däi Summerlach trotz de schweessegen Temperaturen awer mat Genoss, andeems mir dir vun de gudden a schlechten Updates an der Gaming-Welt erzielen. Op där enger Säit steet mat THE WAR WITHIN eng WOW Expansion virun der Dier an dem Marc säi Liblingsspill APEX PREDATORS kritt en Update. Op där anerer Säit geet et leider ëmmer nach weider mat den Entloossungen an der Gaming-Industrie, et huet nämlech lo ënner anerem BUNGIE getraff.


Episod 77 - Throne and Liberty, Tempest Rising, Betas an Updates a villes méi!
07/31/2024

De Petz huet e Review iwwert d'Open Beta vun "Throne and Liberty", a verréit wat him ganz gutt gefall huet. Gëtt "Tempest Rising" den Impuls fir en RTS Revival? Den Update vun "Helldivers 2" an "No Man's Sky" gëtt beschwat, an doriwwer, dass SBMM villäicht awer eng Noutwennegkeet ass? Lauschtert/Kuckt an déi nei Episod vu Gamer Things eran!


Episod 76 - THE FIRST DESCENDANT just eppes fir d'Aen? D'Flemm mat Gaming-Shenanigans?
07/17/2024

Eis Gamer maachen sech Gedanken iwwert d'Gaming-Industrie, ënnert anerem iwwert de Release vum neie Looter-Shooter THE FIRST DESCENDANT, mee och iwwert d'Ukomme vum neien Doppel-Battlepass fir APEX LEGENDS. De Mike schwäermt awer och (zur Ofwiesslung) mol rëm iwwert ELDEN RING, et ass also net alles schlecht. ;)


Episod 75 - ELDEN RING DLC, Dr Disrespect an Tarisland!
07/03/2024

D'Jungs klaatschen an traatschen iwwert den Downfall vun engem vun de gréisste Streamer dëser Deeg: dem Dr. Disrespect, den Elden Ring DLC a säi Reviewbash, ob dee gerechtfertegt war oder net. Dozou kënnt Tarisland, den Ënnergang fir WoW? Lauschtert eran, a schwätzt mat!


Episod 74 - Ee Showcase nom aneren
06/19/2024

Microsoft, Ubisoft a Sony hunn nei Spiller virgestallt an dann si mir natierlech dobäi a ginn déi wichtegst Saachen zesummen duerch...


Episod 73 - XDefiant slapt a Microsoft slapt Studios
06/05/2024

XDefiant ass endlech released. Ass et da lo den COD-Killer? Den Dream-Killer fir Fans vun Tango Gameworks, an anere Bethesda Studios ass op alle Fall Microsoft, déi weiderfuere mat hiren onduerchbléckbaren Decisiounen. Dat a villes méi wéi ëmmer mat eisen 3 NoobenBuben. Vill Spaass.


Episod 72 - ASSASSINS CREED geet endlech a Japan an HADES 2 geet direkt an eist Häerz
05/22/2024

Dës Woch hu mer e Special Guest, den Danilo vu LuxPlay a mat him ënnerhale mer eis ënnert anerem iwwert den neien Assassins Creed Shadow, de Mike stierft mat engem Laachen am Gesiicht am Early Access vun Hades 2, mee mir schwätzen awer och iwwert den Zoustand vun der Gaming Industrie, deen duerch déi rezent Entloossunge bei Blizzard, an de Studio Opléisunge bei Microsoft weider an de Laberenten ass.


Episod 71 - Cosy Game Manor Lords an Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert
05/08/2024

Et ass vill geschitt an der Lescht. Manor Lords erobert d'Häerze vun all Opbausimulatiouns Fan a Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert. Dëst an nach vill méi hu mir an dëser Episod ze beschwätzen.


New Episode
04/24/2024

D'Jungens vu Gamer Things iwwerleeën haut, wie wuel dru Schold ass, dass d'Publisher esou Saachen ofzéie, wéi elo Ubisoft mat Star Wars Outlaws, se staunen a schwäermen iwwert d'Fallout Serie an diskutéieren iwwert déi ëmstridden Entscheedung vu Blizzard an Overwatch 2 all Spiller dee flucht ze bannen. Dat an natierlech villes méi an dëser Episode Gamer Things!


Episod 69 - Wat ass besser: Dragons Dogma 2 oder Madame Web?
04/10/2024

Dragon's Dogma 2 ass eraus an trëfft op gemëschte Gefiller. Net sou Madame Web, deen di ganz Welt instant verdrängt huet. Ausserdeem klammert de Marc sech un all kleng News zu Hollow Knight 2, an de Petz kann et net méi verheemlechen, dass e Starfield trotz allem liebt. Dat avilles méi, diskutéiert mat a Good Game.


Episod 68 - Wat leeft mat Star Wars?
03/27/2024

Mir hunn erëm e ganze Pack Theme fir iech. Nieft der Battlefront Classic Collection an Dragon's Dogma 2, schwätze mir nach iwwert esou munch nei Traileren déi erauskomm sinn.


Episod 67 - HELLDIVERS 2 huet eis demokratiséiert a KI verännert alles
03/13/2024

Eis Jonge schwärmen iwwert hier gemeinsam Zäit am neien Helldivers 2, Elden Ring Fans levelen ëmsoss, an de rasante Fortschrëtt a kënschtlecher Intelligenz, wéi zB de SORA vu Google, gëtt ëmmer méi Ustouss zum Nodenken...


Episod 66 - Koop Action an Helldivers 2 a et geet zeréck an Elden Ring
02/28/2024

An Helldivers 2 stierze mir eis kooperativ an e groussen Intergalaktesche Krichan erliewe grandios Action. Dann hu mir laang drop gewaart, mee endlech ass et esouwäit, den Trailer zum Elden Ring DLC Shadow of the Erdtree ass endlech online.


Episod 65 - Skull and Bones versenkt am Mier a Suicide Squattet mat der Gang
02/14/2024

De Petz huet sech duerch d'Open Beta vu Skull and Bones gequäält, de Mike huet nom Spaass bei Suicide Squad gesicht an de Marc huet Angscht ëm Apex Legends. An natierlech ass Fuesent zu Lëtzebuerg an eis Gamer freeën sech schonn op d'Verkleeden. Loosst iech dat op kee Fall laanscht d'Clownen-Nues goen.


Episod 64 - An Palworld no Pokemon sichen, zum schaffen bréngen an Prince of Persia ass einfach perfekt!
01/31/2024

D'Jungs hunn den neie Prince of Persia gezockt an hir Meenung ass am grousse Ganze positiv. D'Phänomen Palworld léist eng grouss Diskussioun aus an ass wéi e Meteorit ageschloen! Ausserdeem gëtt nach iwwert d'Hygienemacken a vereelzte Game-Mechanike geschwat! Lauschtert eran an deelt iech gäre mat!


Episod 63 - Wat erwaart eis am Joer 2024
01/17/2024

D'Joer 2024 huet ugefaangen a mir hunn an dëser Episod beschwat wat mir esou an de Feierdeeg gezockt hunn. Dozou hu mir eis ugekuckt wat fir Spiller eis am Joer 2024 esou erwaarden...


Episod 62 - VILL GLÉCK AM NEIE JOER!
01/03/2024

Mir loossen 2023 Revue passéieren, e fantastescht Joer fir d'Gamer, mee och mat e puer Anti-Banger. Wat waren är Liblingsspiller vum leschte Joer, a wéi eng hunn iech am meeschten enttäuscht ?


Episod 61 - The Scam Before the final GTA6 Trailer
12/20/2023

D'Jonge vu Gamer Things beschäftegen sech mam sagenhaften Release vun "The Day Before"! Nach ni an der Geschicht vun der Gamingindustry huet e Spill 4 Deeg no dem Release esou vill Welle geschloen. Do kënnen se sech just nach mam GTA6Trailer an The Finals tréischten!


Episod 60 - FALLOUT TV SHOW, FORTNITE ECOSYSTEM a POST ESPORTSMASTERS
12/06/2023

Amazon bréngt mat Fallout eng vun de beléiftste Gaming Franchisen an de Fernsee a begeeschtert mat engem fantasteschen éischten Trailer eis 3 Vaultdwellers. Fortnite kënnegt mat Lego a Rocket League zwou grouss Partnerschaften un an d'Post Esport Masters kritt en Upgrade mat 3 beléifte Spiller. Alles dat a villes méi, wéi ëmmer mat enger gudder Portioun "Humor".


Episod 59 - Call of Duty Rage an Game Awards
11/22/2023

Call of Duty steet an dëser Episod erëm voll am Fokus. Mir diskutéiere wéi mir de Start vun COD empfannen. Dozou sinn déi Nominéiert fir d'Game Awards eraus an och do ginn et verschidde Saachen ze beschwätzen...


Episod 58 - HORROR BEI ALAN WAKE 2, GRAUEN BEI DER CAMPAGNE VUN MW3
11/08/2023

D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hir Freed fir den neie "Survival Horror" vun "Alan Wake 2" a sinn net d'Accord mat der Solo-Campagne vun MW3. Awer och "The Finals Beta" huet se begeeschtert. Villverspriechend an alles wat e Shooter brauch! Dat a villes Aneres an der neier Episode vu Gamer Things!