RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
Episod 111 - 30 Joer UFEP
Zanter 30 Joer bitt d’UFEP Formatioune fir Fachpersonal a fir Leit mat Léierschwieregkeeten un
Fir dee Jubiläum schwätzt de Sascha Lang mam Miriam Bamberger, Koordinatrice vun de Formatioune bei der UFEP, a mam Michèle Racké, Generaldirectrice vun der APEMH, iwwer d’Formatiounsoffer a wat se de Participante fir hiren Alldag matgëtt.
Episod 110 - Kultur fir jiddereen: Méi ewéi just eng Ramp
Spontan an de Concert, de Musée oder den Theater: Fir Mënsche mat Behënnerung ass dat nach laang keng Selbstverständlechkeet
An dësem Episod schwätzt de Sascha Lang mam Nadine Erpelding vum Kulturministère iwwer den Aktiounsplang „Accès à la culture“, a wat sech konkret verbessere soll. Et geet ëm verständlech Informatiounen, Audiodeskriptioun, Gebäerdesprooch, Assistenz a Begleetpersounen. Och d’Matbestëmmung vu Mënsche mat Behënnerung an d’Ënnerstëtzung vu Kënschtler mat Behënnerung stinn am Fokus. Well Kultur ass e Recht – a jidderee soll kënnen dobäi sinn, matmaachen a matgestalten
Episod 109 - Aktiounsplang CRDPH: 119 Aktioune fir eng méi inklusiv Gesellschaft
20 Ministèrë bedeelege sech un dësem gemeinsame Projet mat 119 Aktiounen a siwe wichtegen Themeberäicher
An dësem Episod schätzt de Sascha Lang mam Familljeminister Max Hahn a mam Michèle Stein, der Koordinatorin vum Aktiounsplang am Familljeministère, iwwer den neien Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der UN- Behënnerterechtskonventioun. Am Mëttelpunkt stinn déi geplangte grouss Reformen an d’Fro, wéi dësen evolutive Plang méi Selbstbestëmmung, Accessibilitéit a gläichberechtegt Participatioun erméigleche soll.
Episod 108 - LPC: Sport, Participatioun an nei Perspektiven
E Gespréich mam Serge Schaul, dem neie President vum Luxembourg Paralympic Committee, a mam Ruben Goncalves, dem administrativen Direkter
Et geet ëm déi nei Ausriichtung vum LPC, d’Professionaliséierung an d’Wichtegkeet vun der Reintegratioun duerch de Sport. Och d’Limitatioun vun den Adapto-Faarten an hir Auswierkungen op d’Ausübe vum Sport kommen zur Sprooch. Donieft stellen d’Gäscht de 6. Paralympic Day vir, deen de 24. Oktober vun 10 bis 16 Auer ass.
Episod 107 - Differenz ass keen Defizit
Mat der Lydia Gonzales vun der asbl New Diversity geet et ëm ADHD, Virurteeler an e Bléck, dee Stäerkten an individuell Erfarungen an de Mëttelpunkt stellt
Dobäi geet et och ëm den Afloss vu soziale Medien an den Informatiounsowend „ADHD verstoen“, den 21.
Oktober 2026 um 18:30 Auer am Cercle Cité. Deen Owend gëtt a Zesummenaarbecht mat Info-Handicap an der Stad Lëtzebuerg organiséiert.
Episod 106 - Fräiheet fänkt mat Vertrauen un
Dësen Episod ass e ganz perséinlechen Hommage vum Sascha Lang u seng Mamm, säin Häerzensmënsch
Marie-Josée Schuler, Mariejo, d’Mimm oder d’Jéiss wéi si ëmmer genannt gouf. Si erzielt vun engem Liewen voller Kraaft, Léift a Courage, dat de Sascha Lang bis haut inspiréiert. Gläichzäiteg ass et e Plädoyer dofir, Mënsche mat Behënnerung net ze beschützen, mä hinnen ze vertrauen an si ze stäerken.
En Episod iwwer Erënnerung, Empowerment an d'Iwwerzeegung, datt richteg Ënnerstëtzung Fräiheet méiglech mécht.
Episod 105 - 25 Joer Association Chien Guide d‘Aveugle au Luxembourg
Eng feierlech Table Ronde
Vun der Finanzéierung bis bei d'Akzeptanz war ee laange Wee. An d'Sensibiliséierung ass haut nach ëmmer wichteg.
Eng Rees duerch Geschicht mam Blannenféierhond gëtt et an dësem Episod, mat engem Matschnëtt vun der Table Ronde.
Flott Anekdoten, Gesetzer, Iwwerzeegungsaarbecht a vill engagéiert Leit maachen et haut méiglech, dass den Assistenzhond eng grouss Akzeptanz hei am Land huet.
Den Sascha Lang ennerhält sech mat:
Roland Welter, Chantal Haas, Raymond Ney, Matthias Schmit, Renée Michel an Kevin Feiereisen.
Episod 104 - Den Actiounsplang zur Digitaler Inclusioun
Ee Plang net just fir Leit mat Behënnerung!
An dësem Episod geet et mam Ben Max vum Digitaliséierungsministère ëm den nationale Plang fir digital Inclusioun zu Lëtzebuerg. Als zweeten Aktiounsplang vum Digitaliséierungsministère soll hien dofir suergen, datt d'Digitaliséierung jiddwerengem zougänglech bleift, an datt keen op der Streck bleift. Mir diskutéieren iwwer d'Erausfuerderunge vun der digitaler Transformatioun, d'Fërderung vun digitale Kompetenzen an d'Wichtegkeet, och net-digital Alternativen ze erhalen, fir datt jiddweree kann um gesellschaftleche Liewen deelhuelen.
Episod 103 - Réckbléck op d'SightCity 2026
Méi ewéi just Innovatioun
An dësem Episod kucke mir zesumme mam Christian Stahlberg op d'SightCity 2026 zu Frankfurt zeréck. Als Produzent a Moderator vum Podcast Sightviews begleet hien d'SightCity schonn zënter siwe Joer a kennt d'Messe wéi kaum en aneren. Mir schwätzen iwwer déi wichtegst Neiheeten, spannend Entwécklungen an d'Atmosphär op der gréisster Fachfoire fir blann a séibehënnert Mënschen. Zousätzlech deelen och Visiteuren hir Andréck a perséinlech Highlights.
Episod 102 - Tëscht Ateliers protégés an éischtem Aarbechtsmarché
Wou steet Lëtzebuerg?
An dësem Episod schwätze mir mam Aarbechtsminister Marc Spautz an der Christine Zimmer, Chargée de Direction vun Info-Handicap iwwert d’Aarbechtssituatioun vu Mënsche mat Behënnerung zu Lëtzebuerg. No der Info-Handicap-Veranstaltung vum 19. Mee, wou et ëm Erfarungen aus den Ateliers protégés an dem éischten Aarbechtsmarché goung, wollte mir méi wëssen. Wéi eng Erausfuerderunge ginn et fir Betraffener a Patronen? A wat kënnen déi nei Reforme wierklech verbesseren? Eng spannend Diskussioun iwwer Inclusioun, Chancen an d’Zukunft vun der Aarbecht.
Episod 101 - SightCity 2026 – eng Plattform fir blann an séibehënnert Leit
D’SightCity ass vum 27. bis den 29. Mee zu Frankfurt an ass déi weltgréisst Plattform fir Hëllefsmëttel, Innovatioun an Inclusioun.
Am Interview mat der Dagmar Kruzki geet et iwwert Entwécklungen, Trends an d’Bedeitung vun där Foire. Iwwer 150 Aussteller, Virträg a Workshops bidden konkret Léisunge fir den Alldag vu blannen a séibehënnerte Mënschen. D’Evenement ass mëttlerweil méi wéi eng Messe, et ass eng Plaz fir Austausch, Vernetzung an nei Iddien.
Episod 100 - D‘asbl Crunchbox stellt sech vir
De Projet Hasilux, beschäftegt sech mat Autismus an Inclusioun
Am Mëttelpunkt steet eng Plattform, déi Informatiounen, Erfarungen an konkret Hëllef fir Betraffener an hiert Ëmfeld zesummebréngt.
D’Gespréich beliicht besonnesch d’Wichtegkeet vun der Sensibiliséierung fir onsiichtbar Behënnerungen an inklusiv Bildung. Dobäi ginn et inspiréierend Ablécker an e Projet, deen Inclusioun praktesch, verständlech an zougänglech mécht.
Am Interview sinn: D'Carla Carvalho, d’Joanne Theisen an de Gérard Kieffer
Episod 99 - Wéi gëtt a Krisen a Katastrophen u Leit mat Behënnerung geduecht?
E Gespréich iwwert en Internationale Rapport vun der Essel Foundation
Am Gespréich mam Michael Fembeck geet et ëm de Crisis Report vun der Zero Project Conference.
Des Rapport weist Lücken am Katastropheschutz a stellt konkret Léisungen an Tools vir.
Fokus: besser Planung, inklusiv Approchen an den Asaz vu Technologie fir jiddereen.
Episod 98 - Wann d'Famill keng Loft méi kritt
Wéi d'Nadège Fassi Elteren a Geschwëster stäerkt
An dësem Episod begréisse mir d’Coach an dräifach Mamm Nadège Fassi, déi sech zanter siwe Joer intensiv mat der Begleedung vun Elteren a Geschwëster vu Kanner a Jugendlechen mat Beanträchtegung befaasst. Si erlieft an hirer Aarbecht ëmmer erëm, wéi séier ee sech an esou usprochsvolle Liewenssituatioune selwer aus den Aen verléiere kann – als Mamm oder Papp, als Partner oder och als Geschwëster. D’Konsequenze si villfälteg: Frust, Iwwerfuerderung, emotional Erschëpfung.
D'Nadège erkläert, firwat Selbst...
Episod 97 - De Schattenbericht
Een alternative Bléck op d’Umsetzung vun der UN-BRK zu Lëtzebuerg
All Land, dat d’UN-Behindertenrechtskonventioun (UN-BRK) ratifizéiert huet, gëtt reegelméisseg zu Genf vun der UNO iwwerpréift, fir ze kucken, ob d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung och wierklech ëmgesat ginn. Deemnächst ass Lëtzebuerg erëm un der Rei, fir déi zweete Kéier. Nieft der offizieller „List of Issues“, wou d’UNO dem Stat vill Froen stellt, gëtt et och d’Méiglechkeet vun engem sougenannten Schattenbericht.
Hei kënnen Vereenegungen an Initiativen eng alternativ Analys vun der Situa...
Episod 96 - Actiounsplang 2.0 – Gesondheet an Educatioun am Fokus
Den Actiounsplang 2.0 fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ass den 31. Dezember 2024 ausgelaf.
An de leschte Méint hu mir an dräi Episoden driwwer geschwat, wat gutt gelaf ass a wou et nach Verbesserungspotential gëtt. An dësem neien Episod vum IGEL Podcast geet et ëm zwee zentral Beräicher: Educatioun an Gesondheet. De Sascha Lang schwätzt mat der Sarah Scholtes vun der Direction de la Santé an aus dem Educatiounsministère mat der Nathalie Scholtes an dem Ben Haas. Zesumme ginn d’Aktiounen analyséiert, déi aktuell ëmgesat ginn, an et gëtt och e Bléck o...
Episod 95 - "50+1" a "Paralympic-day": 2 wichteg Projen vum LPC
Mam Mathis Finke an Ruben Goncalves schwätzen mir iwwer zwee spannend Projeten
„50+1“ – ee Projet, dén d’Inklusioun am Sport stäerke soll
„Paralympic Day“ den 08.11. am Rehazenter, wou 20 Sportaarten fir jidderee fir matzemaachen ugebuede ginn.
Episod 94 - Malta Meets Luxembourg
An dësem Episod kritt de Sascha Lang Besuch vun enger Delegatioun aus Malta.
Mat der Ënnerstëtzung vun Christine vun Info-Handicap sinn de Mathis, President vum nationale Dachverband MFOPD (Malta Federation of Organizations of Persons with Disability), an d’Gail, Member vun der MFOPD, op Lëtzebuerg komm. Am Gespréich schwätzen si iwwer d’Erfarunge vun der Delegatioun, d’Zesummenaarbecht tëscht Malta a Lëtzebuerg an d’Inspiratioun, déi si duerch den Austausch mat Lëtzebuergeschen Organisatiounen a Ministère gesammelt hunn. D’Themen gi vu Bildung a Beschäftegung iwwer Selbststännegkeet a Perséinlech Assistenz...
Episod 93 - Etüden an hier Wichtegkeet aus dem Aktiounsplang Handicap 2.0
D’Etüden hu wichteg Ablécker ginn an de Wunn- a Betreiungsberäichm, an d’Bedeitung vun der Selbstbestëmmung vir Menschen mat Behënnerung.
Am Gespréich geet et ëm d’Roll vum ASP, de geplangten One Stop Shop, an d’Haapterkenntnisser aus de Studien. E wichtege Schwéierpunkt ass déi geplangte Aféierung vun der Perséinlecher Assistenz zu Lëtzebuerg, déi d'Fräiheet an d'Autonomie stäerkt. D'Elisabeth Scheier huet als studéiert Soziologin a Sozialpolitikerin, des Etüden am Familje-Ministère (Division Handicap) begleet, an presentéiert déi wichtegst Erkenntnisser.
Episod 92 - De European Accessibility Act an de Roll vum OSAPS
E grousse Schrëtt fir d’digital Barrièrefräiheet
Zanter dem 28. Juni 2025 ass de European Accessibility Act an der ganzer EU a Kraaft – och Lëtzebuerg muss elo dofir suergen, datt Produiten a Servicer fir jiddwereen zougänglech sinn. Wat seet d’Direktiv genee? Wéi funktionéiert den OSAPS als Kontroll- an Informatiounsplattform? A wat bedeit Barrièrefräiheet am Alldag?
Am Gespréich ass de François Engels, Koordinator vum OSAPS
Episod 91 - Evaluatioun vum Aktiounsplang 2.0
E Gespréich mam Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice vum Aktiounsplang, dem PAN Handicap, Michèle Stein, iwwert d'Resultater vun der Evaluatioun
Si analyséieren d’Resultater, erklären d’Recommandatiounen a kucken zesumme wéi et weidergeet Richtung Aktiounsplang 3.0.
D’Rapporte fannt Dir op der Internetsäit vum Familljeministere.
Wann dir wëllt bei der Ausschaffung vum neien Plang matschaffen, an am Oktober un de Workshoppe bedeelegt sinn, mellt Iech bis den 31.07.2025 mat enger mail op "[email protected]" un.
Episod 90 - Sightcity 2025: Sinn all nei Entwécklungen wierklech sënnvoll?
D’SightCity 2025 ass eriwwer – mat spannenden Entdeckungen an Entwécklungen, déi Zukunft hunn oder vläicht och net.
Mir schwätzen mam Christian Stahlberg, Messe- an Hëllefsmëttel-Expert a Produzent vum däitsche Podcast Sightviews, iwwer seng Andréck a wat him opgefall ass.
Episod 89 - Interview mam Madelaine Kayser
D'Madelaine Kayser geet an e puer Méint an d’Pensioun a huet schonn hir Nofollgerin agefouert.
Am Podcast schwätze mir mat hir iwwer hir Aarbecht fir Mënsche mat Behënnerung a Migratiounshannergrond, iwwer hir Motivatioun an d’Initiativ vun de Sensibiliséierungswochen. A mir froen och: Wat huet si an der Pensioun vir?
En Episod mat enger Fra, déi d’Häerz um richtege Fleck huet!
Episod 88 - Audiodeskriptioun am Theater
Dëst ass e bedeitende Schrëtt a Richtung inklusiv Kultur.
Am Mierscher Theater gouf d’Theaterstéck „Vreckvéih“ opgefouert – fir d’éischt zu Lëtzebuerg mat lëtzebuergescher Audiodeskriptioun fir blann a séibehënnert Persounen. D’Initiativ gouf vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung (FLB) an Zesummenaarbecht mam Mierscher Theater an der Initiativ Hoermal Audiodescription aus Däitschland ëmgesat. Déi éischt lëtzebuergesch Audiodeskriptioun gouf vun de Volontairen Antonia Bruch an Daniel Sousa realiséiert.
Episod 87 - Sensibiliséierungswochen 2025 an der Stad
Aus de Woche gouf viru langem Méint, mat ville flotten Highlights.
An dësem Episod stelle mir Iech de Programm vir, an mir léieren déi nei Responsabel vum Service Intégration et besoins spécifiques, Caris Dias Delgado, kennen.
Fir d'Gala kann ee sech op [email protected] umellen.
Episod 86 - SightCity 2025
2025 ass zu Frankfurt déi 23. Editioun vun der SightCity – där weltwäit gréisster Foire fir Hëllefsmëttel fir blann a sehbehënnert Leit.
Well Frankfurt net wäit ewech ass, weise mir gäre op dësen Datum hin. De Sascha Lang schwätzt an dësem Episod mat der Messeverantwortlecher Dagmar Krutzki, déi en Abléck an d’Organisatioun an d'Highlights vun der Foire gëtt.
Episod 85 - Colloque iwwert Perséinlech Assistenz zu Lëtzebuerg
D’perséinlech Assistenz steet zënter Joren um politeschen Dagesuerdnungspunkt zu Lëtzebuerg.
Wäertvollt Liewen setzt sech besonnesch fir chronesch krank Leit an, datt si esou laang wéi méiglech doheem liewe kënnen. Am Koalitiounsaccord an am Aktiounsplang 2.0 ass d’Ëmsetzung nom Artikel 19 vun der UN-BRK festgehalen. Den 13. Mäerz 2025 organiséiert Wäertvollt Liewen e Colloque fir d’Wichtegkeet vun dësem Thema ervirzehiewen. Umelle kann ee sech iwwert "[email protected]".
Episod 84 - 25 Joer Assurance dépendance
Den 1.1.1999 gouf zu Letzebouerg d’Assuracen Dépendance agefouert
Wéi wichteg si ass, a firwat si eng Plaz am IGEL Podcast verdéngt huet, verroden d'Pascale Kolb an d'Sandrine Henriquet.
Helpline:
Allgemeng Froen:24786060
Technesch Hellefsmettel: 24786040
Episod 83 - Katrin Kohl – méi wéi just Héichleeschtungssportlerin
Botschafterin fir d’Inclusioun, Paraliichtathletin, schafft um 1. Aarbechtsmaart an ass am Gemengerot zu Dikrech
An der 83. Episod vum IGEL Podcast wollte mir méi wëssen iwwert hiren Engagement an hir Motivatioun. An och wéi et sportlech weidergeet.
Episod 82 - Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen
Selbstbestëmmt Liewen ass duerch d’ UNBRK (UN-Behindertenrechtskonvention) an de Fokus komm
Wéi ee kann selbstbestëmmt liewen? Dat ass eng vun de ville Missioune vum éischten an eenzegen Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen zu Lëtzebuerg Den Zentrum gouf virun engem Joer zu Esch gegrënnt. Mam Tessy Oth an Angie Reuter geet Riets iwwer d'Aufgaben vum ZSL an hir Wichtegkeet.
Episod 81 - 9. November – Paralympics Day am Rehazenter
Knapps zwee Méint nom Enn vun de Paralympics zu Paräis invitéiert d'Lëtzebuerger Paralympesch Comité (LPC) op de Paralympics Days am Rehazenter.
Dësen Dag bitt eng exzellent Geleeënheet, fir d'Inklusioun am Sport ze feieren an sech iwwer d'Wichtegkeet vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg z'informéieren. An virun allem vir matzemaachen! Am Gespréich mam Mathis Finke vum Paralympesch Comité Lëtzebuerg hiert Dir wat d'Visiteuren op dësem speziellen Dag erwaart. Et gëtt eng Villfalt vun Aktivitéiten, dorënner Demonstratioune vu paralympesche Sportaarten, d'Méiglechkeet, selwer verschidden Disziplinnen auszeprobéieren, an d'Presentatioun...
Episod 80 - Auswee Wunnstruktur
Dësen Episod beliicht déi emotional Aspekter vun dëser Decisioun
D'Suergen an Ängschten, déi d'Tatiana Kerg en Vue vun der Zukunft vun hirem Bouf hat, déi néideg Upassungen am Alldag an déi schwiereg Iwwerleeungen, déi si huet musse maachen. Et gëtt och thematiséiert, wéi den Dave selwer dësen Iwwergank erlieft huet, a mat wéi enge Schwieregkeeten, awer och positiven Entwécklungen, hien dobäi konfrontéiert gouf.
Episod 79 - Cybathlon 2024: Technik ouni Grenzen
De Cybathlon 2024 gëtt vum 25. bis den 27. Oktober an der Swiss Arena zu Kloten bei Zürich organiséiert, mat 80 Teams aus 26 Natiounen.
An dësem internationale Concours gi Pilot:innen mat Behënnerungen duerch nei Assistenztechnologien ënnerstëtzt. Nei Disziplinne sinn d'Intelligent Sehassistenz an d'Assistenzroboter, déi d'Inclusioun weider fërderen. D'ETH Zürich vernetzt Betraffener mat Fuerscher, fir Barrièren ofzebauen. Zousätzlech gëtt den Cybathlon gläichzäiteg op 8 anere Plazen weltwäit duerchgefouert. Mir schwätzen mam Anni Kern vun der ETH Zürich.
Episod 78 - Dadofonic – Inklusiv Konscht a Kultur
De Collectif Dadofonic ass een Atelier Protégé, dee spezialiséiert ass op Art Visuel an Art sur Scène.
Zanter ville Jore sinn si Gaascht op villen Bünen hei am Land, an loosse Leit mat Behënnerung och den Dram vun enger Artistekarriär dreemen. Et ass méi wie just een Atelier Protégé. Dat erzielt de Gary Wirth, Encadrant bei Dadofonic vun der Ligue HMC.
Episod 77 - Colors of Blindness
Quinzaine vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung
D'Quinzaine "Colors of Blindness" ass eng Initiativ vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung. Dës Aktioun soll d'Ëffentlechkeet fir d'Thema Blann- a Séibehënnerung sensibiliséieren. Nieft der Verdeelung vum traditionelle Kalenner gi wärend dësen 2 Woche Spenden gesammelt an Evenementer wéi "Unsichtbare Welten" am Mierscher Theater organiséiert. Mam Thierry Luthgen, Direkter vun der Fondatioun, geet riets iwwer d'Aarbecht an d'Aktivitéite vun der Fondatioun.
Episod 76 - Bronze fir den Tom Habscheid
E Schub fir de Parasport zu Lëtzebuerg? Ass et elo de Moment, wou méi Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet gefuerdert muss ginn?
Mam Marc Schreiner (dem President vum Luxembourg Paralympic Committee) a Marc Kieffer (dem Sportdirekter vum LPC) schwätze mir iwwer hir Emotiounen a Gefiller, déi et zu Paräis goufen. Mir stellen och d’Fro no de Fuerderungen un d’Politik, Verbänn, Veräiner an d’Gesellschaft fir mat deem Schwong elo méi an den Parasport ze investéieren, an dëse Sportberäich méi eescht ze huelen.
Episod 75 - Interview mam Rigo Rink
De Rigobert Rink, deen zanter méi wéi 20 Joer Tetraplegiker ass, deelt seng inspiréierend Geschicht mat Iech.
Trotz senger Behënnerung ass hien ëmmer aktiv bliwwen, a säi Motto "Ëmmer erëm opstoen" huet him gehollef, déi gréissten Erausfuerderungen ze meeschteren. Et geet ëm seng Motivatioun, wéi hien Hürden am Liewen iwwerwonnen huet, a seng Rotschléi fir aner Leit mat Behënnerungen. En Episod voller Inspiratioun an Kraaft!
Episod 74 - All Together – e Concert vun der Fondation EME op der Kinnekswiss
An dësem Episod ass d'Sarah Bergdoll zu Gaascht.
D'Coordinatrice Générale vun der Stëftung erzielt iwwert hire Projet an iwwert 15 Joer Fondation EME.
Episod 73 - „Alles Normal“ - Lëtz celebrate inclusion
An dësem Episod beschäftege mir eis mat dësem groussen Event, den 12. an 13. Juli 2024 am Forum Geesseknäppchen
De Familljeminister Max Hahn, d'Christine Zimmer (Chargé de direction Info-Handicap), d'Michèle Stein (vum Ministère de la Famille), de Professor Traue (Uni.lu) an de Mathis Finke (LPC) sinn d’Gäscht an dësem Episod.
Mir gi méi genee op de Programm an, an héiere firwat et sech lount de Weekend an de Forum Geesseknäppchen ze kommen.
Episod 72 - Sightcity 2024
Och hei am Land fueren all Joer vill Leit op Frankfurt op d’Sightcity
Dat ass weltwäit déi gréisste Foire fir Blann an séibehënnert Leit. D'Dagmer Krutzki vun der Sightcity huet wieder Informatiounen.