Reen a Bou

40 Episodes
Subscribe

By: Radio 100,7

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.

✂️ Clip this podcast
Éischt Warscheinlechkeet vu lokalem Schnéi
Today at 10:30 AM

An der nächster Woch mécht den Atlantik seng Dieren op, d’Warscheinlechkeet vu stiermeschen an och fréiwanterlechen Zenarie geet an d’Luucht.


Héije Loftdrock geet geschwënn
Last Monday at 10:30 AM

Dës Woch verschwënnt eist momentant Héichdrockgebitt, déiwe Loftdrock mëscht sech an.


D’Mëttelfrist gesäit erëm spannend aus
11/06/2026

Héije Loftdrock huet eis ëmmer nach am Grëff, deels wierkt liichten Déifdrockafloss mat. Fréistens am Laf vun der nächster Woch soll awer och e méi markante Changement méiglech ginn.


Relevante Reen ass erëm rar
11/02/2026

Ufanks der Woch leie mir ënnert dem Afloss vun engem schwaachen Déifdrockgebitt. Duerno iwwerhëlt erëm haaptsächlech héije Loftdrock, de Reen ass weiderhi keen Thema.


Nuetsfrascht a spannend Wantergerüchter
10/30/2026

Haut viru genee enger Woch huet et staark a vill heiheem gereent. An Tëschenzäit ass awer schonn erëm genee de Géigendeel dovun de Fall.


Héichdrockgebitt suergt erëm fir Rou
10/26/2026

Eppes steet fest: De Mount Oktober fält op ville Plazen net ze dréchen aus! Nom Stuerm an dem ville Ree setzt sech elo awer geschwënn erëm Héichdrockafloss bei eis duerch. Mee fir wéi laang?


Ree wéi laang net méi
10/23/2026

D’Berechnunge vun ufanksder Woch konnten sech duerchsetzen. Iwwert de Weekend gëtt et bis de Sonndegmëtterichteg turbulent zu Lëtzebuerg. Dat duerch vill Reen an och staarke Wand.


Ausbléck op eng dynamesch Woch
10/19/2026

No engem zimmlech kille Weekend ënnersträicht eng erhéicht Déifdrockaktivitéit dës Woch, dass mir mëttlerweil am Hierscht ukomm sinn. Et kënnt mol Beweegung an d’Saach


E kale Weekend steet un
10/16/2026

De wäermsten Dag vun der Woch hate mir en Donneschden, och haut si mir nach am Waarmsektor. Geschwë gëtt et awer op en Neits bis zu 10 Grad méi kal, op d’mannst plazeweis.


D’Loftmasse ginn erëm méi mëll
10/12/2026

Iwwert de Weekend hat sech de Reen nach e bësse gewisen, och vun den Temperaturen hier war et hierschtlech. Wéi et schéngt, gëtt et awer scho geschwënn erëm méi mëll.


Nach bësse Reen iwwert de Weekend
10/09/2026

D’Natur huet sech iwwert de Reen duerch d’Kalfront gefreet, mee och iwwert de Weekend kann et nach heiansdo bëssen naass ginn.


Reen-Hoffnungen e Mëttwoch an Donneschden
10/05/2026

De Bléck an eis Wiederkaarte verréit eis, dass eng nächst kleng Entlaaschtung fir eis vill ze dréchen Natur an de Startlächer steet.


Eng “inoffiziell” sechst Hëtztwell
10/02/2026

Mol erëm eng Kéier geet eng Phas mat vill ze héijen Temperature fir d’Joreszäit op en Enn. Dës Kéier kann ee plazeweis tatsächlech vun enger weiderer vergaangener Hëtztwell schwätzen.


De Spéitsummer setzt sech duerch, nach…
09/28/2026

D’Kombinatioun aus engem markante Stuermdéif iwwert dem Atlantik an héijem Loftdrock iwwer Osteuropa suergt fir Loftmassen, déi eis am Héichsummer Temperature vun iwwer 35 Grad bruecht hätten.


Temperature vu bal 30 Grad am Hierscht
09/25/2026

Dem Wieder ass et egal, dass mir mëttlerweil net nëmme meteorologesch gesinn am Hierscht sinn, mee och zanter dem Mëttwoch am kalendareschen. De Ree feelt, iwwerdeems et erëm summerlech gëtt.


Reendefizit verschäerft sech weider
09/21/2026

D’Grousswiederlag fir déi nächst Zäit weist zwar ëmmer nach e variabele Charakter, an trotzdeem spillt de Reen dobäi keng gréisser Roll.


De Spéitsummer probéiert et erëm
09/18/2026

An de leschte Wochen huet sech de Reen zäitweis konnte weisen, mee wierklech vill koum net erof. Och weiderhin hält en sech bedeckt, iwwerdeems d’Kaarten op en Neits Zenarie mat ze héijen Temperaturen undeiten.


De Ree wëll ëmmer nach net esou richteg
09/14/2026

Zwar erreecht eis och an dëser Woch erëm den een oder anere Frontesystem, mee esou richteg naass wëll et awer net ginn.


Ëmmer nach keng grouss Reenzomme fir Lëtzebuerg
09/11/2026

En Dënschden hate mir et mat engem markante Kalfrontduerchgang ze dinn. En typescht Muster fir eng variabel Wiederlag. Dëst heescht allerdéngs net, dass et elo dauerhaft schlecht bei eis virugeet.

Ufanks der Woch louchen eis Temperature nach bei knapp iwwer 30 Grad. Duerch déi vergaange Wochen a Méint ass dat awer scho bal eppes, wat ee guer net méi esou séier mierkt, well ee sech fir dëst Joer dru gewinnt huet. 
De nidderegste Maximalwäert gouf e Méinden un der ASTA-Statioun zu Eschduerf gemooss, dat mat Punkt 28 Gr...


Den El Ninõ a wéi en sech opeis auswierkt
09/07/2026

Doduerch, dass mir de bis ewell wäermste Summer zanter Opzeechnungen hannert eis hunn, gëtt den El Niño och ëmmer méi staark thematiséiert. Mee ass dësen iwwerhaapt e Produit vum Klimawandel oder huet e schonn ëmmer existéiert?


De Summer kënnt nach eng Kéier kucken
09/04/2026

E Freide sträift eis mol nach de Frontesystem vun engem Déifdrockgebitt, ier eis iwwert de Weekend en Héichdrockgebitt eng frëndlech Ofwiesslung bréngt.


Schaarf Grenz tëscht Héich an Déif
08/31/2026

Et leet sech déiwe Loftdrock iwwert de Norde vum Kontinent, iwwerdeems de Süde gréisstendeels vun déiwem Loftdrock dominéiert gëtt. Doduerch entsteet e schmuele Grat tëscht dréchenem a naassem Wieder iwwert eis.


Eng Woch mat vill Beweegung
08/24/2026

An dëser neier Wiederwoch mierke mir zwar, dass de Summer nach net ganz eriwwer ass. Allerdéngs schéngen zur selwechter Zäit d’Zutaten erfëllt fir Reen, mee awer och potenziell Donnerwiederen.


De Summer ass nach net eriwwer
08/21/2026

D’Grousswiederlag versprécht mëttlerweil e méi variabele Verlaf fir déi nächst Zäit. Engersäits ka sech doduerch keng nohalteg Hëtzt-Glack méi forméieren, wat awer e puer eenzel Hëtzt-Stéiss trotzdeem net ausschléisst. Et war e nawell extreemt Onwieder, wat e Mëttwoch nëmme ganz knapp nërdlech un eisem Land laanschtgezu war. Ech ka nëmme soen, dass mir wierklech immens vill Chance haten. Nach e Méinden hate mir op dëser Plaz zwar dovu geschwat, dass eis relevante Reen aus Weste méi no kënnt, mee eréischt am Verlaf...


Déi gréisst Ëmstellung zanter laangem
08/17/2026

Immens dréchen, mee awer och waarm Konditiounen haten eis an de leschten Deeg ëmmer nach fest am Grëff. Deemnächst ginn d’Temperaturen awer däitlech zréck an och d’Chance fir Ree weist sech ëmmer méi dacks


Nach eng Kéier bal 40 Grad
08/14/2026

Zanter en Donneschden hu mir et mat engem zousätzleche Stouss un hëtzege Loftmassen ze dinn, déi eis direkt aus dem déiwe Süde vum Kontinent erreechen. Dës Zoufuer wäert awer scho geschwënn ënnerbrach ginn.


Belaaschtung op d’Natur wiisst
08/10/2026

Et steet eng Woch mat vill Sonn an ëmmer méi héijen Temperaturen un. D’Hëtzt scho fir d’fënnefte Kéier an dësem Joer am grousse Stil a Richtung Lëtzebuerg transportéiert. Dës Kéier hu potenziell Nidderschléi nach manner gutt Chancen.


D’Dréchent verschäerft sech weider
08/07/2026

Op en Neits wäerten an nächster Zäit d’Konditiounen erfëllt sinn, datt nees hëtzeg Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent op Lëtzebuerg gezu kommen. Och d’Dréchent wäert sech duerch dëst Muster weider verschäerfen.


Gëtt der Hëtzt de Krunn zougedréit?
08/03/2026

Ufanks der neier Woch erreecht eis e weidere Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent. Stand elo kann dësen awer geschwënn ofgeschnidde ginn.


Et kommen nach vill Summerdeeg dobäi
07/31/2026

Déi puer rezent Déifdrockstéierunge bréngen de Summer net vu sengem Wee of. Och an nächster Zäit di sech Situatiounen op, an deenen de Reen op d’mannst probéiert, sech méi oder manner zu Lëtzebuerg ze weisen. Et huet awer och vill mat Chance ze dinn.


Chancen op Ree bleiwe rar
07/27/2026

Nodeems eis de Weekend eng schwaach Kalfront lokal deen een oder anere Liter Ree bruecht huet, geet et elo erëm meeschtens dréchen a virun allem vill méi waarm virun. Déi véiert Hëtztwell vum Joer geet dës Woch un.


Eng nei Hëtztwell steet un
07/24/2026

Et war nëmmen eng Fro vun der Zäit: Déi véiert Hëtztwell vum Joer kënnegt sech un. An den nächsten Deeg, a bis an déi nächst Woch eran, wäert sech en interessante Verlaf vun eisem Wieder weisen. Et gëtt kuerz héichsummerlech, éier eng Kalfront dës Phas ënnerbrécht – mee dat ass net fir laang.


Ëmmer nach op der Sich no Reen
07/20/2026

An Tëschenzäit huet sech eis Grousswiederlag däitlech ëmgestallt: Et gi manner waarm Loftmassen ugezaapt, deels kënnt et och lokaliséiert zu e bësse Reen – dat geet der Natur awer nach laang net duer.


E Loftmassewiessel steet un
07/17/2026

Déi drëtt Hëtztwell vum Joer geet mam Dag vun haut op en Enn. Jiddereen, deen d’Hëtzt net esou richteg aus sengem Haus oder senger Wunneng erauskritt, wäert sech iwwer déi nächst Deeg freeën. Et ass erëm Duerchootmen a virun allem Duerchlëften ugesot!


Et kënnt Beweegung an d’Spill
07/13/2026

Lëtzebuerg braucht dréngend Reen, d’Dréchent ass an Tëschenzäit kaum nach ze iwwersinn. D’Natur ass doduerch och staark ufälleg fir Flächen- a Vegetatiounsbränn. Elo schéngt e bëssen Hoffnung opzekommen.


Hëtztwell verschäerft sech erëm
07/10/2026

Dat nächst Héichdrockgebitt bleift iwwer eise Géigenden hänken a suergt fir déi bis ewell drëtt Hëtztwell vum Joer. Virun allem markant ass an Tëschenzäit de Reendefizit zu Lëtzebuerg. Gëtt et e bëssen Hoffnung?


Eng nei Hëtztwell geet un
07/06/2026

Dëse Summer weist sech weiderhi vu senger méi intensiver Säit: Am déiwe Südweste vun Europa ass eng nei Hëtztwell amgaangen, déi hir Füler an den nächsten Deeg och op Lëtzebuerg wäert ausstrecken.


Reendefizit verschäerft sech weider
07/03/2026

D’Summerwieder ass ëmmer nach bei eis, mee d’Nuechte kënne richteg kill ausfalen. Zwar funken an nächster Zäit och mol deelweis e puer Déifdrockstéierungen dotëschent, an awer bleift nennenswäerte Reen éischter rar. De Potenzial vun enger weiderer Hëtztwell bleift bestoen.


Wat kënnt no der historescher Hëtztwell?
06/29/2026

Den “Heat Dome” iwwer eis léist sech op, resp. zitt a Richtung Osteuropa virun. Elo gerode mir ënner en anert Stréimungsbild, duerch dat och den Atlantik erëm e Wuert däerf matschwätzen. D’Fro ass just, fir wéi laang.


Schluss vun der historescher Hëtztwell?
06/26/2026

Zanter e Mëttwoch kënnt et zu enger historescher Hëtztwell zu Lëtzebuerg. Reng op de Juni bezunn ass et déi längst an och déi wäermst zanter Opzeechnungsufank, dat gouf en Donneschde confirméiert.