KOMM MOL AN DE BÜRO!
De Podcast vun der Fédération des Artisans, an deem seriö Sujeten an engem méi lockere Kader a mam néidege Bëss behandelt ginn. An all Episod empfänkt d’Vize-Präsidentin Alexa Ballmann en neien Invité a schwätzt mat dëser Persoun iwwert e pertinent Thema aus de Beräicher Artisanat an Entreprenariat. Nieft Keyfacts an Insights aus den entspriechenden Dossieren ass och Plaz fir méi pickeg Froen, déi d'Alexa Ballmann vun de Memberen, der Press oder vun aneren Akteuren um Lëtzebuerger Marché opgräift. E Podcast produzéiert vum Studio J.
#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk
Cyberattacken treffen ëmmer méi Handwierksbetriber – dacks ouni Virwarnung, an d’Konsequenzen si massiv: Blockéiert Systemer, wirtschaftleche Schued, Verloscht vu Vertrauen.
An der neier Episod vu Komm mol an de Büro schwätzt d'Alexa Ballmann mam Goy Grosbusch a mamJean-Marc Sertic iwwert d’Realitéit hannert engem Ugrëff, wat am Noutfall ze maachen ass a wéi Betriber sech schütze kënnen.
Eng Episode fir all Entrepreneur, dee säi Betrib an d’Zukunft séchere wëll maachen.
#6 Wou sti mir, Här Premierminister?
De Sozialdësch ass eriwwer.
Probleemer bleiwen zu engem gudden Deel bestoen: Wéi geet et weider mat de Renten, wéi kréie mer eis Ekonomie erëm un d'Lafen a wéini maache mer endlech Neel mat Käpp am Dossier vun den Independant?
Dëst Thema hu mer mam Premierminister Luc Frieden beschwat.
Luc, komm mol an de Büro.
#5 Wirtschafts- oder Sozialkris?
Wéi vill Muecht sollen d'Gewerkschaften hunn? Wéi kann een en éierlechen an effiziente Sozialdialog féieren? A wien decidéiert eigentlech, wat gutt ass fir d'Zukunft vum Land?
An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Michel Reckinger, Handwierker a President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), iwwer déi grouss Froen déi Lëtzebuerg am Moment beschäftegen.
#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant
Absenteismus: Eng Fatalitéit oder eng Stellschrauf, wou d'Politik kann drun dréinen? Gëtt et Konkretes an der Diskussioun ronderëm d’Reform vun de Pensiounen a wéini gëtt et konkret mat der versprachener Opwäertung vum Statut de l’Indépendant?
Dat sinn déi Themen, déi d'Alexa Ballmann zesumme mam Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, diskutéiert huet.
#3 Handwierk a Beruffsausbildung
"Komm mol an de Büro!" geet an déi drëtt Ronn.
Dës Kéier diskutéiert d’Alexa Ballmann, Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans, mam Bildungsminister Claude Meisch iwwert d’Ausbildung am Handwierk.
Wéi gutt funktionéiert d’Ausbildung hautdesdaags, wou haakt et a wat kann nach verbessert ginn, an – ganz wichteg – wéi kann d’Roll vun eise Betriber an deem Kontext gestäerkt ginn?
#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik
De Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell?
D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber.
#1 Pensiounssystem
Muss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie?
Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ech als Chef(fe) d’entreprise dës Entwécklunge fir mech a meng Salarié(e) preparéieren?
Dëse Froe geet d'Alexa Ballmann op de Gronn: „Wéi gesäit e...