Evergreens by Spuerkeess

40 Episodes
Subscribe

By: Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal)

Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣ ⁣ Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Vers une IA souveraine et agentique
Yesterday at 4:00 AM

Depuis l’irruption de ChatGPT en novembre 2022, l’intelligence artificielle a quitté les laboratoires pour s’imposer dans tous les secteurs de notre économie. Elle bouleverse les usages, redéfinit les stratégies et soulève de nouvelles questions de souveraineté, de performance et de sécurité. Dans cet épisode, Bryan Ferrari s’entoure de trois experts pour explorer une question centrale : comment concilier innovation technologique, autonomie stratégique et sécurité des systèmes dans un monde de plus en plus piloté par l’IA ?

Nicolas Griedlich (Deloitte Luxembourg), Francesco Ferrero (LIST) et Rachid M'haouach (Spuerkeess) partagent leur vision, l...


Essentials - Generative AI am Fokus
07/25/2025

Wëllkomm bei Evergreens Essentials.

D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen.

All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mat der Generative AI.

Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Vers une IA souveraine et agentique" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 1 Aug


Objectif durabilité financière et économique
04/04/2025

La transition vers un modèle économique plus durable est en marche, et les entreprises doivent s'adapter aux nouvelles réglementations et attentes du marché. Dans cet épisode, Bryan Ferrari et ses invité·e·s explorent les implications de la directive CSRD et les impacts de la directive Omnibus ainsi que et les défis de la durabilité pour les PME.

Comment la finance peut-elle être un moteur de la transition durable et quels outils sont à disposition des entreprises pour mieux anticiper ces enjeux ? Anne-Marie Loesch est Head of Sustainability & Business Development à la Chambre de Commerce. Michel Wursteisen es...


Essentials - De Projet "Transition Enabler"
03/28/2025

Wëllkomm bei Evergreens Essentials.

D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen.

All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Projet “Transition Enabler”.

Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Objectif durabilité financière et économique" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 4 Abrëll.


Les menaces de la cybersécurité (hors-série 3/3)
01/31/2025

Les cyberattaques évoluent, et avec elles, les défis auxquels font face les entreprises et institutions. Dans ce dernier chapitre de trois épisodes hors-série, Bryan Ferrari et ses invités explorent la frontière entre cybersécurité et fraude. Où s’arrêtent les menaces techniques et où commencent les stratégies criminelles sophistiquées ? Comment les entreprises peuvent-elles sécuriser leurs infrastructures tout en restant performantes ? Quelles sont les stratégies des cybercriminels et comment les anticiper ?

Bertrand Lathoud est Chief Operating Officer à la House of Cybersecurity, Philippe Parage est IT Infrastructure Engineer au Cybersecurity Competence Center et Lar...


Um Bols vun de Mäert
12/20/2024

Wat bedeit dat politescht Klima an den USA fir d'Finanzmarchéen, a wéi steet Europa am Verglach do? Wäert de Boom vu Crypto och 2025 weidergoen, wat fir e Stellewäert hunn ETFen, a wéi beaflossen déi aktuell Entwécklunge klassesch Investitiounsstrategien?⁣⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen dräi Invitéen um Enn vum Joer en detailléierte Réck- an Ausbléck a puncto Marchéen. Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Managemen...


Gouvernance an der Praxis (hors-série 2/3)
12/13/2024

Eng Organisatioun, eng Entreprise an och de Staat brauche Reegelen, déi festleeën, op wéi eng Manéier a firwat Decisioune getraff ginn. Mat der sougenannter Gouvernance soll de Kader dofir gesat ginn. Firwat ass si besonnesch hautdesdaags esou wichteg, a wéi eng Zorte gëtt et? Funktionéiert dëst an all Secteur anescht, a wou leien d'Geforen, wann d'Gouvernance net konsequent duerchgefouert gëtt?    De Bryan Ferrari pléckt de Sujet mat sengen dräi Invitéen auserneen. D'Stéphanie Damgé ass Directrice vum Beräich Entrepreneurship bei der Chambre de Commerce an Directrice vun der House of En...


Alles ronderëm de Bilan
12/06/2024

Och wann alles am Detail schwaarz op wäiss opgelëscht ass, kann et fir ontrainéiert Ae schwiereg sinn, de Bilan vun enger Entreprise ze dechiffréieren. De Bryan Ferrari pléckt mat sengen dräi Invitéen déi wichtegst Aspekter vun dësem Dokument auserneen. Et gëtt dobäi theoretesch a praktesch Ablécker dran, wat dës Informatiounen aussoen, wat Lëtzebuerg an Europa vum Rescht vun der Welt ënnerscheet, a wat alles mat afléisse muss, fir enger Entreprise de Bols kënnen ze fillen.⁣⁣ ⁣⁣ D'Maryam Khabirpour ass Associée am Audit bei Deloitte. De Laurent Nittl...


Typologie des fraudes (hors-série 1/3)
11/29/2024

Les cyberattaques et les fraudes financières évoluent rapidement. Dans ce premier chapitre d'une série de trois épisodes hors-série, nous mettons en lumière les défis spécifiques auxquels sont confrontées les institutions financières au Luxembourg et en Europe. Bryan Ferrari et ses trois invité discutent des méthodes de prévention et de détection, du rôle clé de l’ABBL, ainsi que des opportunités et risques liés à l’utilisation de l’IA pour renforcer la résilience face à ces menaces. Des exemples concrets viendront illustrer les impacts sur les victimes et les stratégies...


Demystifying the Digital Euro
10/25/2024

What is the Digital Euro, and how might it reshape the European financial landscape? With the European Central Bank spearheading initiatives, questions arise about its goals, impact, and feasibility in a world of rapid technological transformation. Host Bryan Ferrari welcomes three experts to explore the vision for its implementation, from retail and wholesale applications to economic and regulatory implications.⁣⁣ ⁣⁣ Sven Conter is in charge of the customer desk at the Financial Markets department at Spuerkeess. Johannes Sedlmeir is a postdoctoral researcher at the Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT), focusing on blockchain technology and digital identity systems. Andrey M...


Wat dreift d'Maartdynamik?
09/27/2024

Wéi beaflosse global politesch a wirtschaftlech Evenementer déi aktuell Finanzmäert? An dësem Episod kuckt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen op déi rezent Entwécklunge bei den US-Walen an hire potenziellen Impakt op d'Boursen, analyséiert d'Goldpräisser an d'Zënspolitik, geheit e Bléck op China an thematiséiert den Opstig vum indeschen Aktiemaart.

Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess.

...


De l'école au marché
09/03/2024

Le monde est en constante évolution et il en va de même pour les domaines de la finance et de l'économie. Mais comment font ceux·celles qui forment les demandeur·ses d'emploi de demain pour non seulement rendre le Luxembourg attirant, mais aussi pour rester dans l'air du temps et proposer une formation, qui prépare ses diplômé·es aux prochaines 20 années du marché ?

Bryan Ferrari parle de tous les challenge auxquels font – et vont faire – face les écoles ainsi que les recruteur·ses à l'âge de l'intelligence artificielle avec ses trois invité·e·s. Marin Njavro est l...


Energie am Wandel
07/26/2024

Lëtzebuerg an Europa hunn d'Weiche fir d'Energietransitioun scho laang gestallt. Mee wat genee soll mam Wiessel eriwwer op erneierbar Ressourcen erreecht ginn, a wéi eng Schrëtt si mëttel- a laangfristeg geplangt, fir d'Erausfuerderungen ze meeschteren an dat éiergäizegt Zil och wierklech ze erreechen?⁣ ⁣ Iwwer den "Big Picture" a konkret Mesuren diskutéiert de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Anne Calteux vertrëtt déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg, fir Europa méi no un d'Bierger·innen an d'Autoritéiten ze bréngen. De Fenn Faber ass Direkter vun der Klima-Agence, déi nat...


Chancen a Risike vum Investéieren
06/28/2024

Et soll ee keng Angscht virum Investéieren hunn, mee och net blann drop lass handelen. D'Bank ass e wichtege Beroder, wann een säi Geld op eng iwwerluechte Manéier an effikass wëll schaffe loossen. ⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen, déi Expert an der Matière sinn. Den Nick Huberty ass Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbel vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. An den Thierry Abdiu ass Conseiller am Private Banking fir d'Spuerkeess um Kierchbierg.⁣⁣ ⁣...


Liewenszyklus vu Startups
05/31/2024

Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Success Stories bei de Startups. Starten ass déi eng Saach, sech weiderentwéckelen eng aner. Wou fënnt een de Finanzement, fir kënnen ze wuessen? Ass de Lëtzebuerger Ekosystem op der Héicht, fir potenzielle Grënner e fruchtbare Buedem fir hir Entreprise ze proposéieren? Firwat zitt et vill Entrepreneuren an d'USA, a wéi eng Hürde gëtt et op europäeschem Plang? ⁣ ⁣ De Bryan Ferrari fillt sengen dräi Invitéen aus der Startup-Zeen op den Zant. De Christophe Folschette ass ee vun de Grënner vun Tal...


Luxembourg Stock Exchange
04/26/2024

D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten an Zukunft dominéieren a wéi wichteg sinn Daten dobäi?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ De Bryan Ferrari schwätzt mat sengen dräi Invitéen am Detail driwwer. De Carlo Oly ass fir de Relationship Management beim Luxembourg Stock Exchange responsabel. De Raphael Duarte ass Portfolio Manager an Analyst bei CapitalAtWork vum Groupe Foyer. De Julien Kohn ass b...


KYC, entre sécurité et menaces numériques
03/29/2024

Vous êtes-vous déjà demandé comment les banques et les institutions financières protègent vos informations, et pourquoi la réglementation en vigueur est stricte ? En effet, les exigences d'identification sont constamment adaptées pour faire face aux dangers en mutation de plus en plus rapide. ⁣ ⁣ Bryan Ferrari discute des développements en matière de collecte de données personnelles et de son usage avec trois invité·e·s. Ananda Kautz est membre de la direction de l'ABBL et est en charge des domaines paiement, digitalisation et durabilité. Pierre Grasset est membre de la direction de Luxtrust et a en charge le v...


Un avenir fluide sans liquide
02/23/2024

Une société fonctionnant sans recours à des moyens de paiement physiques est tout à fait envisageable, et même réalisable aujourd'hui. Mais qu'en est-il de l'inclusion financière, de la protection des données, de la cybersécurité et de la dépendance technologique y liées ? Peut-on atténuer de manière efficace les risques potentiels pour les consommateur·rice·s et l'économie dans son ensemble ?⁣ ⁣ Bryan Ferrari en discute en profondeur avec trois invité·e·s. Natasha Deloge est Head of Innovation de la CSSF, entre autres en charge de l'Innovation Hub. Olivier Rozet est Chief Experience Officer d'Edo...


Laangfristeg investéiere mam ELTIF
01/26/2024

De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels...


Quo Vadis, Lëtzebuerger Wirtschaft?
12/29/2023

Et war e mouvementéiert Joer, dat och d'Banken- a Finanzwelt net kal gelooss huet. Am leschten Episod 2023 steet bei Evergreens generell déi Lëtzebuerger Ekonomie am Fokus, déi nieft Maartturbulenzen och den Afloss vu Krich, héijen Zënsen an Inflatioun ze spiere krut. Wéi schwiereg ass et, dëst alles an engem europäesche Kontext ze navigéieren, a wéi problematesch ass d'Situatioun am Logement fir déi zukünfteg Entwécklung?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen zwee Invitéen e Réck- an Ausbléck. De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec, dem Instit...


Lëtzebuerg a säin AAA-Status
11/24/2023

Am November koum d'Nouvelle, dass Lëtzebuerg seng Kreditbonitéit – de sougenannten Triple A – behält. Firwat ass dëse Label esou wichteg? Wien decidéiert doriwwer, a wéi en Afloss huet den "AAA" net nëmmen op de Finanzsecteur, mee och allgemeng op d'Wirtschaft am Grand-Duché?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat zwee Invitéen. D'Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, erlieft dëse Prozess vum Rating zwee mol d'Joer hautno mat. De Bob Kieffer, Direkter vum Trésor, erkläert d'Wichtegkeet vum Kreditrating aus der Siicht vum Staat.⁣⁣ ⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Jour


The Expanding World of Blockchain
10/27/2023

Verification and traceability are at the core of the blockchain technology. Is it still on its way to revolutionising the digital realm? What real-world problems is it poised to solve in the near future, for example in the financial sector?⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Ivie Satijn is the Marketing Manager at Tokeny, provider of tokenisation solutions. Gilbert Fridgen is Professor and PayPal-FNR PEARL Chair in Digital Financial Services at the University of Luxembourg. Christophe Medinger is Deputy Head of Business Unit "Digitalisation" at Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerge...


Construire son futur financier
09/29/2023

Manque de diversification ou ancienne sagesse ? Les Luxembourgeois·e·s ont tendance à graviter vers l'immobilier quand il s'agit d'édifier leur patrimoine financier, ou bien de laisser l'argent à l’abri dans le confort de leur compte bancaire. Y a-t-il des évolutions contemporaines, notamment chez les jeunes, ou d'autres types investissements qui pourraient changer fondamentalement cette manière d'agir ? Quels efforts restent à faire an matière d'éducation financière ? Bryan Ferrari en discute avec trois invité·e·s qui viennent de domaines très différents.⁣ ⁣ Claudia Halmes-Coumont est directrice de Lalux Assurances-Vie. Julien Pénasse est professeur à l'Université du Luxembourg au département de...


Les Big Four
07/28/2023

Quel est le rôle des quatre plus grands groupes d'audit et de conseil dans l'économie du Luxembourg ? Quels sont les futurs développements prévus dans leurs activités ? Quatre représentant·e·s dévoilent l'empreinte indélébile de leurs sociétés sur le Grand-Duché en discussion avec Bryan Ferrari et dressent un tableau des défis et opportunités qui dessinent leur avenir.⁣ ⁣ Julie Batsch est associée chez PwC, responsable de l'industrie bancaire et auditrice. Stanislas Chambourdon est associé chez KPMG et en charge des activités banques et assurances. Pascal Martino est associé chez Deloitte...


Le monde des ETFs
06/30/2023

Les Exchange Traded Funds sont des fonds indiciels qui cherchent à suivre fidèlement l'évolution des indices boursiers. Quelles sont les différentes catégories d'ETFs et quelle est la différence par rapport aux instruments financiers traditionnels ? Quels sont les risques associés à leur utilisation et les bonnes pratiques à adopter avant d'investir ?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ C'est ce dont discute Bryan Ferrari avec trois expert·e·s en la matière. Solène Garnavault de Fidelity International s'occupe du développement commercial des solutions ETF à Luxembourg. Antoine Perrier gère la distribution des ETFs sur le Luxembourg et la Belgique chez DWS, et Guillaume Dambrine de Frankli...


Kënschtlech Intelligenz verstoen
05/26/2023

K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn: Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren...


The Age of Talent Magnetism
04/28/2023

Talent acquisition and retention have become more crucial than ever in today's competitive job market. With companies vying for the best candidates, it's essential to create the right workplace culture. In this episode in English language, we explore how companies can introduce and cultivate talent magnetism, and why it matters more than ever for business success.⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Prof. Dr. Marion Festing is Professor of Human Resource Management and Intercultural Leadership at ESCP Business School's Berlin campus. Lieven Lambrecht is the Head of HR at PwC Luxembourg. Jennifer Kearny is the...


Volatilitéit op de Marchéen
03/31/2023

Vill Investisseuren hunn e relativ schlecht Joer hanneru sech. Wat huet 2022 esou aussergewéinlech gemaach, a wéi eng Entwécklungen hunn dofir gesuergt, dass et op de Marchéen zu engem sougenannten "perfect storm" koum?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Aude Lemogne war Traderin zu New York a geréiert elo säin eegene Portefeuille. De Claude Arend schafft bei Intesa Sanpaolo Wealth Management a këmmert sech ëm privat Clienten. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Salle des marchés an der Equipe, déi den eegenen Investmentportefeuill...


Sinn eis Banke sécher?
03/24/2023

Silicon Valley Bank, Signature Bank, First Republic Bank. Déi rezent Failliten an den USA hunn op de Finanzmarchéë Schockwellen ausgeléist. Wéi stabil sinn d'Banken an Europa an zu Lëtzebuerg opgestalt? A goufen déi richteg Léieren aus fréiere Krise gezunn?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Claude Wampach ass Direkter op der CSSF, der Commission de Surveillance du Secteur Financier, an ass verantwortlech fir d'Bankesurveillance. De Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken zu Lëtzebuerg, an de Claude Origer ass bei der Spuerkees...


Zënsen an Immobilien
02/24/2023

De klasseschen Zënsmechanismus ass wichteg, fir d'Offer vu gespuerte Suen an Aklang ze brénge mat der Nofro no Investitiounen. Souwäit d'Theorie. Wat bedeit déi aktuell Hausse, nodeem d'Zënse jorelaang op engem historesch déiwen Niveau waren? A wéi en Afloss hu méi héich Zënsen op de Secteur vun den Immobilien zu Lëtzebuerg?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Paul Nathan vun der Bauentreprise Poeckes ass och Vizepresident vun der Chambre des Métiers a vertrëtt d'Handwierk. De Jean-Paul Scheuren ass aktiv am Immobiliesecteur...


Women in Finance
01/27/2023

Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaar...


Banken- a Finanzwelt vu muer
12/29/2022

Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Fina...


Obligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart
11/25/2022

No Aktien, Devisen a Private Equity geet et dës Kéier ëm eng vun de gréissten "classes d'actifs" fir z'investéieren. Wat sinn Obligatiounen eigentlech genee, wat sinn déi fundamental Ënnerscheeder par rapport zu aneren Aktiva a wie sinn déi grouss Acteuren?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Carlo Oly ass responsabel fir de Relationship Management bei der Lëtzebuerger Bourse a war fréier zoustänneg fir d’Kotatioun vun den Obligatioune bei der Bourse. De Marc Dax ass schonn 30 Joer laang an de Finanzmarchéen aktiv an ass Broker fir Obl...


Prinzip a Potenzial vun Aktien
10/28/2022

Aktien hunn net grad dat bescht Joer hanneru sech. An awer kéint dës wichteg classe d'actifs an Zukunft erëm u Bedeitung gewannen. Wat fir e Prinzip stécht hannert den Aktien? A wéi gesäit den Ecosystem ronderëm aus?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Annick Maas ass schonn 10 Joer laang Aktienanalyst zu London mam Schwéierpunkt Medien. De Mike Reuter ass Aktienhändler bei Tradition zu London an huet mat institutionellen Investoren ze dinn. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Equipe, déi d'Investment-Portefeuillë vun der Bank geréi...


Wärungen an Devisen, fréier an haut
09/30/2022

Wann ee vum Geldwiessel schwätzt, geet et ëm eppes, dat fir jidderee schéngt gräifbar ze sinn, an awer abstrakt bleift. Wat ass de Grondgedanken hannert dem Prinzip vum Tausche vu Suen? A wat ass de Rapport zu deem, wat aktuell an der Welt geschitt?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Marco Manieri war 32 Joer laang Devisenhändler a laangjärege Comitésmember vun der Luxembourg Financial Markets Association. De Jean-Jacques Rommes, fréieren Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL an och vun der Patronatsorganisatioun UEL, ass aktuell Vizepresident vum Conseil économique et soc...


Erausfuerderungen am Entreprenariat
08/26/2022

Kleng a mëttelstännesch Betriber sinn d'Réckgrat vun der Ekonomie, woubäi déi sougenannte Startups de Motor vun der Innovatioun sinn. Mee wien sech op eege Fauscht lancéiere wëll, geet zu Lëtzebuerg e Wee, deen nach ëmmer éischter d'Ausnam ass. Donieft huet een eng sëllegen Hürden ze huelen.⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Patrick Kersten ass Grënner vun Doctena a vun Athome.lu, a begleet respektiv beréit ganz vill Startups. Den Tom Michels ass ee vu fënnef Grënner vu Salonkee, engem Service fir...


Faarf bekenne bei der Nohaltegkeet
07/28/2022

Als Verbraucher ass ee frou, wann ee bei sengen Investitioune geschützt gëtt an alles transparent ofleeft. Dofir suergt d’Direktiv ronderëm d’Marchéë fir Finanzinstrumenter, kuerz MiFID II genannt. Ab August 2022 muss e Client vum Beroder oder Portfoliomanager och no senge Präferenzen a punkto ESG, also Nohaltegkeet, gefrot ginn, fir säi Profil ze completéieren. Wat bréngen déi zousätzlech Date konkret a wat huet de Verbraucher wierklech dovun?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Emmanuelle Mousel ass Partner an der Affekotenétude Arendt & Medernach, këmmert sech ganz vill ëm...


Mat Geld eppes Positives bewierken
06/24/2022

Den Impact Investing stellt nach eng relativ kleng Kategorie vum weltwäit investéierte Geld duer, mee am Zäitalter vun der Nohaltegkeet kritt si eng ëmmer méi grouss Bedeitung. D’Fro stellt sech allerdéngs, wéi een als klengen, privaten Investor Zougang dozou kritt a wou d’Risike par rapport zu aneren Investissementer leien.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Annemarie Arens ass Directrice indépendante a Fongegesellschaften, vun deenen der vill am Impact Investing aktiv sinn. De Lennart Duschinger ass Conseiller am Finanzministère fir nohalteg Finanzen. De Georges Bock huet mat...


Ketten-Revolutioun mat der Blockchain
05/26/2022

Déi sougenannten Distributed-Ledger-Technologie gëtt vu ville Leit als revolutionäre Schrëtt an eng nei Ära gesinn. An am Hibléck op Web3 a Co. sinn d’Verwendungszwecker vun der Blockchain effektiv onendlech. Et gëtt ëmmer méi spannend Entwécklungen, déi de prakteschen Notze vun esou enger dezentraliséierter, fälschungssécherer Datebank ënner Beweis stellen.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Jean-Paul Scheuren ass schonn 20 Joer laang am Immobiliesecteur täteg an donieft Co-Fondateur vu BlocHome. Den Tom Kettels ass Project Leader vun der asbl Infrachain, déi den Developpement vun...


Firwat ass Private Equity wichteg?
04/28/2022

Jidderee schwätzt vu Private Equity, mee déi mannst wëssen, wat dat ass. Dobäi geet et ëm en essentiellen Deel vun der Finanzwelt, a besonnesch fir kleng a mëttel Entreprisen ass PE wichteg, fir dat laangfristegt Iwwerliewen ze sécheren. Et geet ëm Know How, Nohaltegkeet an d'Aarbechtsplaze vu muer.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Stéphane Pesch representéiert als CEO vun der Luxembourg Private Equity & Venture Capital Association déi ganz Communautéit an Industrie. De Yannick Oswald ass Partner bei der Venture Capital Firma Mangrove Capital Pa...