RTL - Sproochmates
Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht
Sproochmates: Fouer, 31/08/2025
Dëser Deeg ass et relativ schwéier e Bou ronderëm d'Thema Fouer ze maachen. Och haut dréien d'Karusseller an d'Gromperekichelcher gi gebroden. Da kommt mir dann och en Tour mam Sproochmates iwwert de Glacis.
Sproochmates: Luerenzdag, 10/08/2025
Den 10. August ass de Luerenzdag, dee geet et op den Hellegen Laurentius zréck. Dat war esou e Wiederlousdag, no deem ee sech viru laanger Zäit alt orientéiert huet, wéi et mat den Aarbechten um Feld zum Beispill sollt viru goen. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert.
Sproochmates: Karschnatz, 03/08/2025
August oder et kann een den 8. Mount och nach Karschnatz nennen. Den Numm ass Programm, well eben am Héichsummer d'Zäit fir d'Recolte fir d'Broutfruucht ass. Eise Sproochmates Alain Atten kuckt op d'Aarbechten um Feld zréck, dat aus linguistescher Siicht.
Sproochmates: Déi Helleg Muedeléin, 20/07/2025
Den 22. Juli ass den Dag vun der Helleger Madeleine, der helleger Muedeléin, wéi ee fréiers gesot huet. Eis Sproochmates bréngt eis d'Mady oder Léini, wéi een och ka soen, e bëssi méi no.
Sproochmates: Den Hellegen Téiwelt, 13/07/2025
Thibault, Theobald, Téibelt, Téiwelt, den Alain Atten mat Detailer iwwert en Hellegen, deen déi verschidden Nimm huet a säin Dag den 1. Juli feiert.
Sproochmates: Péiteschdag, 06/07/2025
Den Alain Atten huet sech mat 2 Hellegen, obwuel op engem dach de Fokus läit. Eise Sproochmates erkläert sech.
Sproochmates: De wëlle Mann, 29/06/2025
Sech de wëlle Mann stellen! Wat et mat deem ''Wëlle Mann'' op sech huet a wou deen Numm hierkënnt a wat e saisonstechnesch bedeit, weess eise Sproochmates Alain Atten.
Sproochmates: Gehaansdag, 22/06/2025
Eise Kalenner kennt e puer Gehaansdeeg, de 24. Juni ass esou e Gehaansdag, e chrëschtleche Feierdag zu Éiere vum Hellege Jang den Deefer. Eise Sproochmates Alain Atten mat Erklärungen.
Sproochmates: Zerläichendag, 15/06/2025
Et ginn dëser Feierdeeg der vill, ma e puer kenne mir net méi esou richteg. Dozou kann een Zerläichendag nennen. Eis Däitsch Nopere soen dofir Fronleichnam an deen Dag fält 60 Deeg no Ouschteren, op den zweeten Donneschden no Päischten. Eise Sproochmates Alain Atten huet d'Detailer.
Sproochmates: Sprangpressessioun, 08/06/2025
Den Dënschden ass nees esou wäit: da geet et op Iechternach op d'Sprangpressessioun zu Éiere vum Hellege Willibrord. Deen ass do begruewen a bei dee gouf a gëtt gepilgert. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert firwat dat esou war an nach ëmmer ass.
Sproochmates: Päischtkränzchen, 01/06/2025
Päischten ass dëst Joer den 8. Juni. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert do eng al Reegel fir Verléifter ronderëm Päischten.
Sproochmates: Häraffertendag, 25/05/2025
Eise Sproochmates Alain Atten huet sech haut mat engem Numm, deen elo awer et méi esou geleefeg ass. Abee dee Feierdag, vun deem elo gläich rieds ass, kënnt elo déi nächst Woch. Da lauschtert.
Sproochmates: Déi 3 Äishelleg, 18/05/2025
Déi 3 Aïshelleg hunn Nimm. Net direkt geleefeg Nimm, dat huet eise Sproochmates Alain Atten selwer och nach esou erlieft wéi an d'Schoul gaangen ass.
Sproochmates: Uechter de Mee, 11/05/2025
Den Alain Atten konzentréiert sech op de 5. Mount vun dësem Joer, de Mee. Do ginn et dach eng Rei Begrëffer fir dëse Mee.
Sproochmates: Den Éischte Mee, 04/05/2025
Den Dag vun der Aarbecht, dee fält op den 1. Mee an do wiere mir am 5. Mount vun dësem Joer. Wat ee alles iwwert dee Mee soss nach ka wëssen, dat weess eise Sproochmates Alain Atten.
Sproochmates: Ouschtereeër, 27/04/2025
Wat dierf fir Ouschteren net feelen? Richteg, d'Ouschtereeër. Där kruten der d'lescht Woch sécherlech vill der geschenkt. Ouschtereeër, wéi mir se kennen, ginn et awer net zanter ëmmer. Eise Sproochmates Alain Atten weess zanter wéini a wat et mat deem Brauch op sech huet.
Sproochmates: Ouschternuecht, 20/04/2025
Ouschteren ass dat gréisste Fest fir d'Chrëschten. Eise Sproochmates Alain Atten kënnt do op d'Ouschternuecht ze schwätzen an erkläert do d'Ritualer vun dëser chrëschtlecher Feier, wat och mat Feier ze dinn huet.
Sproochmates: Pällemsonndeg, 13/04/2025
Eng Woch virun Ouschteren: Eise Sproochmates Alain Atten erzielt eis elo mol wat et mam Dag vun haut op sech huet.
Sproochmates: Ellesonndeg, 06/04/2025
Haut ass Ellesonndeg, an domadder konnt een dacks de Spunnes maache wann een dann engem gewënscht huet. Awer eise Sproochmates Alain Atten erkläert, datt deen Ellesonndeg falsch verstanen ass.
Sproochmates: Bretzelssonndeg, 30/03/2025
Hoffentlech hutt Dir net vergiess är Bretzel ze besuergen! Abee eise Sproochmates Alain Atten huet en einfache Sprong fir datt Dir net méi vergiesst, wéini deen Dag ass.
Sproochmates: D'Wieder am Neie Joer, 23/03/2025
Wéi gëtt d'Wieder? Dat léisst sech haut erausfannen unhand u ville meteorologesche Miessstatiounen. Fréier war dat anescht, do gouf et keng esou technesch Apparater an do huet ee sech u bestëmmten Deeg gehalen, wéi eis de Sproochmates Alain Atten erkläert.
Sproochmates: Bounesonndeg, 16/03/2025
Wat huet de Bounesonndeg mam Buergsonndeg ze dinn, dee mir déi lescht Woch gefeiert hunn? A firwat kenne der vill dee Sonndeg haut net méi? Den Alain Atten kläert op.
Sproochmates: Buergsonnden, 09/03/2025
Haut ass Buergsonnden. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat dëse Sonndeg mat der Kierch an de Ritter ze dinn huet a firwat een dëse Sonnden och nach déi al Fuesent nenne kann.
Sproochmates: Wéi d'Pan an der Fuesent, 02/03/2025
Mir sinn dru wéi d'Pan an der Fuesent, dee Saz huet elo näischt mat de Fuesdeeg ze dinn, an och soss näischt mat der Fuesent. Ma dëst huet ee soss gäre gesot, fir matzedeelen, datt ee ee vill ze schaffen hat, esou vill datt een net méi driwwer gesinn huet. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat dem Sproch mat där Pan op sech huet.
Sproochmates: An den Uuchten, 23/02/2025
Wéi hu sech d'Leit fréiers den Owend verdriwwen? Net mat Zeitung liesen, Radio lauschteren oder Tëlee kucken, vun Handy a co guer net ze schwätzen. Eise Sproochmates hëlt eis mat an eng Zäit, déi der vill vun eis net méi kennen. Den Alain Atten hie verzielt eis vun den Uuchten.
Sproochmates: Vältesdag, 16/02/2025
Den Dag ass erlaanscht, de 14. Februar war Vältesdag. Ma deen Dag geet och op en Hellegen zréck an dat weess eise Sproochmates Alain Atten beschtens ze erklären.
Sproochmates: Plunnendag, 09/02/2025
Den Alain Atten huet sech haut mam Plunnendag. Wou dësen Ausdrock hierkënnt a mat wat fir engem Hellege mir do ze dinn hunn, dat weess eise Sproochmates.
Sproochmates: Blasiendag, 02/02/2025
Haut ass Liichtmëssdag. Déi leschte Woch hate mir schonns iwwert dësen Dag rieds, esou datt mir op muer, 3. Februar kucken an zwar op Blasiendag. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat deem Hellegen op sech hat.
Sproochmates: Liichtmëssdag, 26/01/2025
Den 2. Februar ass Liichtmëssdag. Wou kënnt deen Dag hier? Eise Sproochmates Alain Atten erkläert eis de geschichtlechen Hannergrond.
Sproochmates: Antunnendag, 19/01/2025
Et gëtt esouguer 2 Deeg op deenen den Hellegen Antoine gefeiert gëtt, ma si leie wäit auserneen. Eise Sproochmates Alain Atten huet den Iwwerbléck iwwert d'Antunnendeeg an hëlt deen elo vum 17. Januar ënnert d'Lupp.
Sproochmates: Tëscht de Joren, 12/01/2025
Wann ee vun ''Tëscht de Joren'' schwätzt, ass den Zäitraum tëscht Chrëschtdag an Dräikinneksdag gemengt. Dofir geet eise Sproochmates Alain Atten wäit sichen a kuckt och an den Himmel.
Sproochmates: Dräikinneksdag, 05/01/2025
Muer de 6. Januar ass Dräikinneksdag. Abee wat huet et mat dësem Dag op sech, ausser datt ee sech op d'Galette des rois freet? Eise Sproochmates Alain Atten erkläert als éischt, datt déi 3 Hären guer keng Kinneke waren.
Sproochmates: Neijooschdag, 29/12/2024
Sproochmates: Plënnerchersdag, 22/12/2024
Hellegowend, Chrëschtdag an dann de 26. Dezember ass Stiefesdag. Abee Stiefesdag huet och en aneren Numm an eise Sproochmates Alain Atten erënnert un e ganze ale Brauch op deem Dag, op deem beileiwen net gefeiert gouf. Do geet et bis zu 200 Joer zréck an der Geschicht.
Sproochmates: De Chrëschtbeemchen, 15/12/2024
Wou kënnt de Brauch vum Chrëschtbeemchen hier? Dat ass eng gutt Fro, déi net esou einfach ze léisen ass, dat weess och eise Sproochmates Alain Atten.
Sproochmates: Den Adventskranz, 08/12/2024
Den 1. Dezember gouf déi éischte Käerz um Adventskranz ugefaangen. Domadder ass eng Zäit ugaangen, déi op dat grousst Fest vun de Chrëschten zousteiert: Chrëschtdag, eng Zäit mat ville Bräich. De Brauch vum Adventskranz bréngt eis de Sproochmates Alain Atten e bëssi méi no.
Sproochmates: De Kleeschen, 01/12/2024
Nach e puer mol schlofe goen, an dann ass de Kleeschen do. De 6. Dezember ass Kleeserchersdag an eise Sproochmates Alain Atten bréngt eis dee beléifte Personnage geschichtlech e bëssi méi no.
Sproochmates: Den Houseker, 24/11/2024
Wie vum Kleesche schwätzt, kënnt net laanscht den Houseker. Eise Sproochmates Alain Atten erënnert un dee Gesell, deen d'Kanner an der Kleesercherszäit fäerten, den Houseker an erënnert un al Zäiten.
Sproochmates: Katrengendag, 17/11/2024
Sproochmates: Mäertesdag, 10/11/2024
Den 11.11. ass den Dag vum Mäerten. Eise Sproochmates bréngt eis deen Hellegen e bëssi méi no.