RTL - HitStory

10 Episodes
Subscribe

By: RTL Radio Lëtzebuerg

Bal all Song, deen um Radio leeft, zielt net nëmmen, mä huet och eng Geschicht. Hannergrënn, Momentopnamen, Kuriositéiten, Zoufäll: Lauschtert d'Klassiker mol mat aneren Oueren!

HitStory - MAMBO NO. 5, 06/07/2021 13:10
07/06/2021

München, Kalifornien a Kuba. De Papp huet sengem Fils um Stierfbett de Welthit virausgesot. 


HitStory - DOWN UNDER, 29/06/2021 13:10
06/29/2021

Eng Flütt, e Kannerlidd an e Vull fir d'Kaz. Men at Work hu viru 40 Joer déi heemlech australesch Nationalhymn erausbruecht.


HitStory - ENJOY THE SILENCE, 22/06/2021 13:10
06/22/2021

Vun enger Harmonium-Versioun bis bei de Visittekaart-Song: Depeche Mode brauchen net vill Wierder ze verléieren.


HitStory - ONE NIGHT IN BANGKOK, 15/06/2021 14:45
06/15/2021

E Russ an en Amerikaner um schwaarz-wäisse Schachbriet, zwee Schwede mat musikaleschen Andréck aus enger faarweger Metropol an en Englänner, dee just geschwat huet.


HitStory - IN THE YEAR 2525, 08/06/2021 13:10
06/08/2021

2 jonk Männer aus dem Nebraska déi an engem klengen Tounstudio am Texas mat engem pessimistesche Bléck an d'Zukunft Millioune Placke verkafe hunn.


HitStory - SONDERZUG NACH PANKOW, 01/06/2021 13:10
06/01/2021

Vum Glenn Miller bis bei den Erich Honecker - eréischt 1990 ass den Udo Lindenberg mam Zuch ukomm a säin Dram vun enger DDR-Tournée an Erfëllung gaangen.


HitStory - KIDS IN AMERICA, 25/05/2021 13:10
05/25/2021

Brudder a Schwëster - dat geet net ëmmer riicht aus an der Famill. An deem heite Fall war et déi perfekt Relatioun, wuel och well de Brudder alles anescht ewéi egoistesch war.


HitStory - DREADLOCK HOLIDAY, 21/05/2021 10:45
05/21/2021

Vakanz op Barbados, eng sëlwer Ketten an en décke Flapp an der Box. Um Enn awer dee leschte groussen Hit fir 10CC.


HitStory - LADY IN BLACK, 18/05/2021 13:10
05/18/2021

2 Akkorden, e Refrain ouni Text an e Leadsänger dee keng Loscht hat. Eng Ballade, déi eréischt no e puer Joer déi verdéngten Unerkennung krut.


HitStory - SENZA UNA DONNA, 14/05/2021 10:45
05/14/2021

De Soundtrack vun enger Scheedung an den Optakt vun enger laanger Karriär. Den Zucchero wollt mol eng Zäitchen ouni Fra sinn.