Aktuelles

10 Episodes
Subscribe

By: radio 100,7

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit

De Senegal steet viru grousse Verännerungen
03/29/2024

Deen neie Staatschef Bassirou Diomaye Faye ass eréischt viru Kuerzem aus dem Prisong entlooss ginn, wou hie wéinst de Protester vun de leschte Jore souz. Virun allem déi jonk Senegaleese setze vill Hoffnung an hien. D'ARD-Korrespondentin Dunja Sadaqi huet Detailer.


Rumänien will Vorreiter bei Atomenergie werden
03/22/2024

In Rumänien wird gerade eine neue Anlage von Mini-Atomkraftwerken gebaut, die ersten in Europa. Rund 90 Kilometer nördlich von Buraktest sollen sie am Rande eines Dorfes entstehen, auf einem Platz, auf dem bis vor eineinhalb Jahren ein Kohlekraftwerk stand. Die Technologie dazu kommt aus den USA.


D'Koalitounsgespriecher an Holland si virukomm
03/15/2024

Am November, no de Parlamentswalen an Holland, hat de Riets-Populist Geert Wilders nach triumphéiert. Seng riets-extreem Anti-Islam-Partei war stäerkste Kraaft ginn, si hat awer keng Majoritéit kritt. Virgëschter huet de Geert Wilders da matgedeelt, datt hin op d‘Mandat vum hollännesche Regierungschef verzicht, well keng aner Partei hien als Regierungschef ënnerstëtze wollt. Elo gouf et eng Duerchbroch bei de Koalitiounsgespréicher: De Geert Wilders wëllt mat dréi weidere rietse Parteien eng “ausser-parlamentaresch” Regierung bilden.


De Klimawandel aus dem Bléckwénkel vun de Fraen
03/08/2024

Extreem Hëtzt, schlecht Recolten an aner Geforen: den Impakt vum Klima, deen ännert, kréie Fraen a Meedercher méi ze spiere wéi Männer. Dat Bild ergëtt sech aus Temoignagen a Fuerschungsaarbechten, op déi d'Fraenorganisatioun vun der UNO - UN-Women Däitschland haut um Weltdag fir Fraerechter hiweist. D'SWR-Reporterin Stefanie Peyk huet mat der Responsabeler geschwat.


Weider Verhaftunge méiglech
03/01/2024

Nodeems déi presuméiert RAF-Terroristin Daniela Klette virun zwee Deeg festgeholl gouf, hofft d‘Police elo iwwer d‘Enquête u weider Membere vun der Beweegung ze kommen. Eppes schéngt elo scho kloer: d‘Daniela Klette huet jorelaang zu Berlin en Duebelliewe geféiert, ouni opgeflunn ze sinn. Den ARD-Korrespondent Helmut Eickhoff mat engem Resumé vun deem, wat bis elo gewosst ass.


Die türkische Rüstungsindustrie boomt
02/19/2024

Am Krich tëscht Russland an der Ukrain ginn opp der ukrainescher Säit erfollegräich Droonen aus der Tierkai angesaat. Am Kaader vun hierem 100ten Gebuertsdag huet d’Tierkai bei enger Parade um Bosporus houfreg hiert éischt Flugzeugträger-Schëff présentéiert. Do doniewt baut d’Land eegen U-Booter, Kampfhelikopter an Kampfjets. Tierkesch Verdeegungs-Firmen exportéiren an Tëschenzäit an iwwer 170 Länner-weltwäit, anwat fir eng genau, respektiv an wat fir eng nët, seet Ankara awer nët. Mais d’Branche wëll waider wuessen an méi exportéieren.


Weltwirtschaftsforum Davos: KI in aller Munde
01/19/2024

In Davos in der Schweiz geht heute das 54. Weltwirtschaftsforum zu Ende. Seit Montag diskutieren dort hochrangige Vertreter aus Politik und Wirtschaft über die dringendsten Probleme und Fragen unserer Zeit. Auf der Tagesordnung natürlich der Ukraine-Krieg und der Krieg zwischen Israel und der Hamas. Einer der prominentesten Gäste in Davos war am Dienstag der ukrainische Präsident Wolodymyr Selenskyj. Neben den Konfliktherden steht vor allem ein Thema beim Weltwirtschaftsforum im Mittelpunkt: die Künstliche Intelligenz und wie sie richtig eingesetzt werden kann. ARD-Korrespondent Jan Pallokat berichtet aus Davos.


Eng politesch Prioritéit
12/22/2023

Een Zuch mat Verspéidung, eng verpasste Korrespondenz. Wann d‘Pünktlechkeet net stëmmt, da kann och dee klengsten Deplacement séier eng éischter nerveg Ugeleeënheet ginn. An der Schwäiz kann engem dat kaum geschéien. Pünktlechkeet am ëffentlechen Transport ass hei net nëmmen eng Erwaardung vun deenen, déi en notzen, mee och eng politesch Prioritéit. D‘Fuerpläng si souguer un d‘Sitzunge vum Parlament ugepasst. Wéi et dozou koum a wat aner Länner vun der Schwäiz kënne léieren, erkläert d‘ARD-Korrespondentin zu Genf, Kathrin Hondl.


Haftstrofe fir Membere vu Spionage-Reseau
12/20/2023

Gëschter stoungen a Pole 14 Membere vun engem Spionage-Reseau viru Geriicht, dee sech aus russeschen, belarusseschen an ukrainesche Staatsbierger zesummegesat huet. Si goufe schëlleg gesprach, wéinst Spionage an dem Versuch vu Sabotage, zum Beispill andeems si versicht hunn Zich mat Hëllefsgidder un d‘Entgleisen ze bréngen. Hir Opträg hu si iwwer d‘Applikatioun Telegram kritt, bezuelt goufe si a Kryptowährungen. Detailer aus Pole vun eisem Korrespondent Adrien Sarlat


"Bewosst sinn, wat een iwwerhaapt brauch"
11/24/2023

Et ass Black Friday, een Dag, deen am Zeeche vum Konsum steet - sief et "offline“ an de Butteker, oder um Internet. Wien am Commerce aktiv ass, hofft schonn ee Mount viru Chrëschtdag gutt Geschäfter ze maachen. D'selwecht geet et deenen, déi gäre shoppe ginn. Mee ginn et Saachen, op déi een am Shopping-Elan soll oppassen? Jo, seet de Konsumenteschutz ULC. De Christophe Fröhling huet sech do mat der Audrey Masquelier ënnerhalen.